Gefiller vum Kapitalismus (3/8): Di emotional Intelligenz
Méi rezent huet sech awer eng aner Entwécklung vum Kapitalismus gewissen, déi d’Gefiller an hiren Management an de Virdergrond stellt.
D’Techniken vun der positiver Psychologie an der emotionaler Intelligenz sollen dobäi hëllefen, nach méi Profitter anzesammelen.
Emotional Intelligenz war emol en flott Verspriechen, mä si war leider och vun Ufank un dorop ugeluecht den neien Gefillskapitalimus op Héichtoueren ze bréngen.