Gefiller vum Kapitalismus

No enger all­ge­men­ger Unnahm, déi vum Charles Dar­win ganz kloer aus­ges­ch­wat gouf, sinn Gefiller uni­ver­sell an iwwe­rall gläich bei den Mën­schen. Dat kéim dohier, well Gefiller bio­lo­gesch bestëmmt sinn. A genau esou wei ons Kier­pere méi oder wéi­ne­ger d‘nämmlecht sinn, genau esou wei all d‘Mënsche säit Joer­dau­sen­den op di nämm­lecht Aart a Weis oot­men a ver­dauen, genau esou wären also och eis Gefiller säit den Ufäng vum Homo Sapiens di nämmlecht.

Ganz falsch ass dat net. Mä Gefiller sinn net nëmme bio­lo­gesch Reak­tioune vu Kier­pe­ren, se sinn beim ver­ge­sell­schaft­le­chen Mënsch och an déi ver­schid­denst his­to­resch a gesell­schaft­lech Zesum­menhäng age­bon­nen, wou se déi ver­schid­denst Bedei­tun­gen hunn, di ver­schid­denst Funk­tiou­nen an Wäer­ter attri­buéiert kréien. Aus dem Grond gëtt et och eng Ges­chicht an eng Sozio­lo­gie vun de Gefiller, déi net ein­fach an Bio­lo­gie opge­léist kënne ginn.

En vun de mar­kantste rezen­ten his­to­res­chen Decou­ver­ten an dësem Sënn, ass d‘Funktioun vun de Gefiller am Kon­text vum Spéit­ka­pi­ta­lis­mus. Si gouf vun der ame­ri­ka­nes­cher Sozio­lo­gin Arlie Hoch­schild gemaach, bei hire Recher­chen iwwer d‘Formatioune vu Ste­war­des­sen an Recep­tion­nis­tin­nen. An dëse Beruf­fer geet et näm­lech net nëm­men ëm Déng­scht­lees­ch­tun­gen, mä virun allem och ëm déi Gefiller déi bei dësen Déng­scht­lees­ch­tunge solle vermët­telt ginn.

D‘Serie wëll unhand vun zwee repre­sen­ta­tive Beis­piller (Aar­becht a Léift, déi zwou Quelle vum Gléck, nom S. Freud) di aktuell Ges­chicht a Sozio­lo­gie vun de Gefiller illus­tréie­ren : an der „emo­tio­na­ler Aar­becht“ op der enger Säit, an an der Léift op der anerer.

Beson­nesch d‘Léift schéint jo eppes wéi en les­chte Res­sort vun der Authen­ti­zi­téit a vun enger Mën­schle­ch­keet duer­zes­tel­len, déi dem all­ge­menge Maar­tim­pe­ra­tif échap­péiert. Deem ass lei­der net ganz esou. Och d‘Léift, wéi mär se ons virs­tel­len a erlie­wen, ass en ges­chicht­leche a gesell­schaft­lech bestëmmte Phe­no­men, deen net ein­fach laan­scht d‘Logik vun der Wuer an dem „ratio­na­len Choix“ vum eko­no­mesche Mënsch kënnt. Déi Änne­run­gen kann een unhand vum Fonc­tion­ne­ment vum Inter­net-Dating a vum Maart vun den Dating-Coa­chen an Consul­tante illustréieren.

Dëst gëtt och en Aus­bléck dorop, wéi d‘Aarbecht an d‘Léift an en neie Gesond­heets­be­grëff afléisse, wéi en vum Maart vu de Gefiller bis an eis per­séin­lechst an authen­tes­chst ‘Ech’ (Ich) eran impo­séiert schéngt.

1. Gefiller : tëscht Bio­lo­gie a Ges­chicht (09/01/2021)

  • Dem Dar­win seng Gefiller
  • De Sënn vun de Gefiller
  • Eng kuerz Ges­chicht vun de Gefiller

2. Gefiller op der Aar­becht, Gefiller als Aar­becht (16/01/2021)

  • De Mar­xis­tesche Begrëff vun der Aarbechtskraaft
  • Eng femi­nis­tesch Kri­tik um Marx an d‘Wichtegkeet vun de Gefiller
  • Aar­bech­ten mat Gefiller
  • Gefiller als Aarbecht

3. D‘Psychologie vun der emo­tio­na­ler Aar­becht (23/01/2021)

  • Begrëff a Praxis vun der emo­tio­na­ler Aarbecht
  • Psy­chesch Kon­se­quen­zen a Nie­we­wier­kunge vun der emo­tio­na­ler Aarbecht
  • All­ge­meng Änne­runge vum der Aar­becht am emo­tio­nale Kapi­ta­lis­mus („Aar­becht soll Spaass maachen“)

4. Emo­tio­na­len Selbst­ma­na­ge­ment (30/01/2021)

  • Fir­me­ka­pi­ta­lis­mus, Réseauën an di nei sozial & psy­cho­lo­gesch Kom­pe­ten­zen ➝ Manipulatioun
  • Den kapi­ta­lis­tes­chen Inter­esse u Gefiller
  • Verall­ge­men­ge­rung vun der emo­tio­na­ler Aarbecht
  • Vum struk­tu­rel­len Pro­blem zur indi­vi­duel­ler Responsabilitéit

5. D‘Léift als Uto­pie vun Authen­ti­zi­téit a per­séin­le­chem Gléck (06/02/2021)

  • Abil­dung­skraaft an Maart
  • Eng kuerz Ges­chicht vun der moder­ner Léift
  • De Modell vun der roman­tes­cher Léift
  • D’Léift am Kapitalismus

6. De Mana­ge­ment vun der Léift (13/02/2021)

  • Vum Mana­ge­ment zur Psy­cho­lo­gie vun der Léift
  • Léift zur Zäit vum Internetdating
  • Léift als Wuer
  • Vum « Klick » zum « Kick » : sim­me­ring, ghos­ting, icing

7. Kapi­ta­lis­tesch Partnerschaften

  • Rela­tion­nell Ongewës­sheet : Optiou­nen ophalen
  • Bezéiun­gen ouni Bindungen
  • D’Nar­ra­tioun vun der Trennung

8. Léift, Gléck an hir Glé­ck­le­ch­keet­sin­dus­trie (27/02/2021)

  • D’Gléck vum Individualismus
  • Huew de sel­wer gär, dann hunn och di aner dech gär
  • Posi­tiv Psy­cho­lo­gie an emo­tio­nell Intelligenz
  • Dating Coa­chen