Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (4/8): Zur Psychologie vun der emotionaler Aarbecht

Wat an der Sozio­lo­gie an an der Psy­cho­lo­gie als „emo­tio­nal Aar­becht“ bezeechent gëtt, bes­teet net ein­fach an deem léiwe Lachen, zu deem mer eis a ver­schid­dene Situa­tioune for­céie­ren. Et gläicht deem wat am Thea­ter „Method Acting“ genannt gouf, wou en Acteur sech voll­stän­neg mat engem Rôle iden­ti­fi­zéie­ren sollt.

Mä esou eng Iden­ti­fi­zéie­rung huet op Dauer en Präis fir déi Per­soun, déi domat hir Sue ver­dénge muss. Di emo­tio­nal Aar­becht bréngt eng nei Form vun Ent­frie­mung mat sech, déi déif an d’Per­séin­le­ch­keet agräift an do esou eenegs duer­cher­neen bréngt.  (Lire la suite … )

Radio

Gefiller vum Kapitalismus

En vun de mar­kantste rezen­ten his­to­res­chen Decou­ver­ten vun der Sozio­lo­gie ass d‘Funktioun vun de Gefiller am Kon­text vum Spéitkapitalismus. 

An ëmmer méi Aar­bech­ten aus dem Déng­scht­lees­ch­tungs­sec­teur spillen d’Ge­filler, a Form vum Gefills­ma­na­ge­ment an d’Ge­fills­ma­ni­pu­la­tioun, wich­teg Rollen. 

Unhand vun zwee repre­sen­ta­tive Beis­piller, der Aar­becht an der Léift, sol­len des Änne­run­gen an der Gesell­schaft, an an eiser Psy­cho­lo­gie veran­schau­lecht ginn.  (Lire la suite … )