Zur Psychologie vun der emotionaler Aarbecht
Wat ass emotional Aarbecht, a wat sinn hir Konsequenze bei deene Leit, déi hir Suen domat verdénge mussen ?
Mär kennen all di Situatioun aus dem alldeegleche Liewen, wou mer laachen, do wou mer eigentlech e Gesiicht schneide wéilten, dat mer fein sinn, do wou mer eigentlech Roserei empfannen, dat mer frëndlech bleiwen, do wou mer eigentlech scho Loscht hätten ze jäizen. Dat kéint een als eng Zort Schauspillerei am Alldagsliewe bezeechnen. An déi Zort vu Schauspillerei gehéiert inevitabel zum gesellschaftleche Liewen dozou.
Esou huet z.B. den däitsche Soziolog Norbert Elias en groussen Deel vu senger Zivilisatiounstheorie als Entwécklungsprozess vun der Gefillskontroll beschriwwen. Ziviliséiere vum Mënsch ass, esou den Elias, zur gläicher Zäit en psycheschen an en gesellschaftleche Prozess vun der Selbstkontroll. Vun den feudalen Häff am héige Mëttelalter an hirer „Courtoisie“, bis an di éischt Nationalstaaten vum 18. Joerhonnert an hirer „Civilisation“, huet den Elias a senger soziologescher a psychologescher Geschicht vun der Zivilisatioun déi ëmmer méi zuelräich a verfeinert Verhaltensvirschrëften nogezeechent. Des Reglementatioun déi a Richtung Affektkontroll geet huet dann och, esou den Elias, eng gestaltend Wierkung op d‘Strukturlierung vun eiser „Séil“. Hie schreift am zweeten Band vu segnem_ Prozess der Zivilisation :
Maßgebend für einen Menschen, wie wir ihn vor uns sehen, ist weder allein ein »Es«, noch allein ein »Ich« oder »Überich«, sondern immer und von Grund auf die Beziehung zwischen diesen, teils miteinander ringenden, teils miteinander kooperierenden Funktionsschichten der psychischen Selbststeuerung. Sie aber, diese Beziehungen im einzelnen Menschen selbst, und damit sowohl die Gestalt sei ner Triebsteuerung, wie die Gestalt seiner Ich- und Überichsteuerung, sie wandelt sich als Ganzes im Laufe des Zivilisationsprozesses entsprechend einer spezifischen Transformation der Beziehungen zwischen den Menschen, der gesellschaftlichen Beziehungen. Im Laufe dieses Prozesses wird, um es schlagwortartig zu sagen, das Bewußtsein weniger triebdurchlässig und die Triebe weniger bewußtseinsdurchlässig.
Wien de Begrëff vun der emotionaler Aarbecht just an dësem Sënn vun dëser alldeeglechen affektiver Selbstkontroll verstoe géif, dee géif d‘Iddi vun dëser Aarbecht awer och an hirem Wiese verpassen. Et geet bei der affektiver Aarbecht net einfach ëm di allgemeng gesellschaftlech Gefillskontroll a Regulatioun. Déi psychesch Ännerungen déi den Norbert Elias beschreift bilde schonn den Hannergrond, op deem sech di emotional Aarbecht dann mat enger neier, zousätzlecher Form vu Kontroll ausüübt.
Fir deen Ënnerscheed mat enger Analogie ze faassen, huet di amerikanesch Soziologin Arlie Hochschild effektiv op zwou verschidden Zorte vu Schauspillen zeréck gegraff. Si distinguéiert en Iwwerflächen-Spillen – ‹esou maache wéi wann› – vun engem déiwen Spillen. De Modell vum déiwe Spillen ass dat wat Method-Acting genannt gouf.
Method-Acting gouf vum russeschen Theater-Regisseur Konstantin Stanislavski erfonnt. Et besteet doran, dat den Schauspiller seng Roll net nëmme vu bausse spillt, mä dat en sech komplett a säi Personnage era versetzt, a sech esou vollstänneg wéi méiglech him identifizéiert.
De Stanislavsky wollt net dat seng Acteure Personnagë representéieren, mä dat se selwer zu deene Personnagë ginn, an da quasi-natierlech esou denken, schwätzen an handele wéi déi Personnagen déi se verkierperleche sollten. Et kéint een also soen dat et manner ëm eppes oder Een Spillen geet, wéi dorëmmer Een ze ginn, oder ze sinn.
A genau déi Identifizéierung hat d‘Arlie Hochschild als Uweisung an verschiddene Beruffsausbildungen erëm fonnt. Esou sollen d‘Fluchbegleeder net nëmme léif laachen, déi léif Stewardessen sollen an der Businessklass, wou haaptsächlech Männer sëtzen, net nëmmen eng sexualiséiert, flirtend Stëmmung oprecht erhalen. Si sollen sech, wéi dem Stanislawsky seng Akteuren, esou déif an hir salariéiert Rollen versetzen, dat se wierklech fillen a menge wat se am Fong just virspillen. Dat sollten se awer net fir d’Konscht oder fir eng originell Ausleeung an Duerstellung vun engem Stéck maachen, mä aussschliesslech fir di komerziell a finanziell Interessen vun hirer Firma.
Mä déi Zort vun Identifikatioun sollt selbstverständlech net nëmmen bei Fluchbegleeder oder Receptionisten gëllen. Och de Gefillsmanagement an de Technologie- a Consultingfirmen, an de Banken an de groussen internationalen Affekotefirmen geet an déi Richtung. Och hei sollen d‘Salariéen mat authentesch empfonnten Enthusiasmus der Firma aus eegener Iwwerzeegung eraus hir bescht Gefiller verkafen a ongezielten onbezuelten Iwwerstonnen an Weekender schenken.
Mat den Technike vun der positiver Psychologie an der emotionaler Intelligenz soll hei all Salarié seng eege Gefiller an déi vu senge Mataarbechter am Sënn an am Interesse vun der Firma manipuléieren. Och an dëse Kontexter geet et net einfach drëms eppes virzespillen, mä sech mat Haut an Hoer an deen Rôle ze versetzen, dee vun der Firma verlaang gëtt. Oft heescht dat net nëmmen esou ze schaffen, wéi d’Firma dat virgesäit, mä am ganzen esou ze liewen, wéi et den Interessen vum Maart entsprécht.
An dat huet Konsequenzen. Di einfachst Äntwert op d‘Fro ëm wat fir eng Konsequenzen et sech dobäi handelt, huet d’Arlie Hochschild vun enger Stewardess héieren. Vun engem enttäuschte Passagéier aus der Business-Class gefrot, firwat dës Ugestallten him net laacht, äntwert di gescheit Fra de Mann soll dach emol selwer mat laachen ufänken. De Mann laacht och prompt, an doropshi seet d‘Stewardess him : gutt, da laacht elo emol di nächst 15 Stonnen esou weider ouni opzehalen …
Wat geschitt also mat den Leit, freet d‘Arlie Hochschild, wann net nëmmen d‘Iwwerflächen-Spillen mä och di déif Schauspillerei zum Deel vun der Aarbecht an dann zum Deel vum Liewe gëtt ?
Wat hei entsteet ass eng ganz nei Form vun der Alienatioun, vun der Entfriemung. Kucke mer séier op d’Geschicht vum Begrëff vun der Entfriemung wéi se fir d’éischt an de Paräiser Manuskripter vum Marx, vun 1844, erschéngt. D‘Entfriemung, esou den Marx, besteet doran, dat den Aarbechter kee Bezuch méi huet zum Resultat vu senger Aarbecht. Den Aarbechter gëtt just fir eng oniwwersiichtlech Produktioun an en Aarbechtsprozess agespaant, deen esou opgedeelt ass, dat en just ëmmer en Fragment vun deem wat en hierstellt beaarbecht, an net méi weess oder versteet wéi dat Ganzt geet. Doduerch gëtt dann och d‘Aktivitéit vun der eegener Aarbecht sënnlos. Aarbecht gëtt eigentlech an der Entfriemung zu einer einfacher awer abstrakter Aktivitéit, déi duerch iergend eng aner Aktivitéit ersaat gi kéint.
Wat haut also de meeschte Leit als bal selbstverständlech schéngt – dat Aarbecht soss kee Sënn huet, wéi einfach Suen domat ze verdéngen – gouf effektiv emol als Entwäertung vun der Aarbecht a vun der Mënschlechkeet vum Aarbechter verstanen. Dëss Entwärtung vum Aarbecheter, an dësen sënnverloscht vun der Aarbecht ass dat wat de Marx als „abstrakt Aarbecht“ bezeechent huet. Abstrakt Aarbecht ass eng Aarbecht bei dir et eigentlech op den Inhalt fir den Aarbechter net méi ukënnt, an an dir sech dofir och näischt vum Aarbechter selwer ausdrécken kann.
Mat der emotionaler Aarbecht entseet doriwwer eraus dann eng nei Form vun Entfriemung. Eng Entfriemung déi net just di bezuelten Aktivitéit betrëfft, mä d’Verhältnëss vun der Persoun zu sech selwer, an zu deenen aneren. Hei gëtt also net nëmmen d’Kierperkraaft an d’Aktivitéit vun der Profiterschaafung instrumentaliséiert, hei gëtt net nëmmen d’Wëssen an d’Erfahrung dem Imperatif vun der Mehrwert-Erschaafung bestëmmt, mä och nach dat psychschecht Verhältnëss zu sech selwer. An der emotionaler Aarbecht sollen déi eegen Gefiller nach esou géréiert an manipuléiert ginn, dat se ausschlisslech als Instrumenter vun der Aarbecht funktionnéieren. An hei entseet dann fréier oder spéider dat, wat een “emotional Dissonanz” nennt.
Emotional Dissonanz entsteet do wou den Rapport vum Gefill zu séngem Kontext als net passend empfonnt gëtt. Wann di zwee, d‘Gefill an de Kontext, subjektiv empfonnt, net beienee passen, dann entsteet dat Gefill vun der affektiver Entfriemung. An déi affektiv Dissonanz ka sech bis zum Gefill vun enger Zort Identitéitsstéierung entwécklen : firwat fillen ech dat heiten?, wie*sinn ech fir esou ze fillen?, *irwat hunn ech dat*Gefill elo ? Do wou also normalerweis d’Gefiller en wichtegen Deel vun der Aschätzung vun eisem Befannen, vum Verstoen vu Situatiounen a vum Emfannen vum Verhältnëss zu aneren sinn, do entsteet dann Zweifel an Desorientéierung.
Wat hei gäre virkënnt, ass allgemeng gesot, dat d‘Persoun an der affektiver Dissonanz ëmmer manner gutt ënnerscheede kann, tëscht hirem Esch, an deem vum Employeur erwaarten, gespillte Personnage. Konsequenzen dovu sinn gären Burnout oder wann et wierklech wäit geet esou guer Phenomener vun der Depersonnaliséierung : dat heescht Momenter a Situatiounen wou een d‘Gefill fir sech selwer méi oder wéineger verléiert.
Komparativ Studien tëscht Aarbechter di keng oder wéineg emotional Aarbecht leeschte mussen, an Aarbechter déi haaptsächlech emotional Aarbecht maachen hunn awer och dorop higewise, dat et virun allem ee Facteur ass, deen de Gros vun dëse Konsequenze mat sech bréngt. Et handelt sech ëm déi Aarbechtsituatiounen, wou een zur gläicher Zäit seng eege Gefiller kontrolléiere muss, an*déi vun de Leit mat deenen, oder fir déi een schafft. Dat Ganzt exklusiv an deem vu bausse geleetenen, vun der Firma verlaangte Sënn.
Faasse mer dat alles kuer zesummen : Mat der emotionaler Aarbecht ass, no der Kierperkraaft, no der Intelligenz an dem Wëssen, och nach de leschten Deel vun der mënschlecher Perséinlechkeet – d’Gefiller – mat an de Produktiounsprozess agebonne ginn. Och Gefiller sollen elo mat der emotionaler Aarbecht, genau esou wéi aner „Kompetenzen“, trainéiert a kontrolléiert ginn.
Do Gefiller awer och en weesentlechen Deel vun eisem mënschlechen Ëmgang mat der Welt a mat anere Mënschen ausmachen gräift den Gefillsmanagement, an d‘Entfriemung déi doraus entsteet, nach méi déif an eis Mënschlechkeet an, wéi d‘Alienatioun vum Kierper a vun der Intelligenz do schon gemaach hunn. Dës Entfriemung betrëfft de Sënn vu der eegener Perséinlechkeet, a vum An-Der-Welt sinn mat deenen Aneren.
An dësem Kontext denkt een da schnell um Marx säi Begrëff vum „Charaktermask“. An der Deutsche Ideologie hat den Marx d‘Charaktermask als d‘„Personifizéiere vun den ekonomesche Verhältnesser“ definéiert. An am éischten Band vum Kapital schreift den Marx zum sozialpsychologëschen Effet vum Wuerenäustäusch :
„Die Waren können nicht selbst zu Markte gehn und sich nicht selbst austauschen. […] Um diese Dinge als Waren aufeinander zu beziehn, müssen die Warenhüter sich zueinander als Personen verhalten, deren Willen in jenen Dingen haust, so daß der eine nur mit dem Willen des andren, also jeder nur vermittelst eines, beiden gemeinsamen Willensakts sich die fremde Ware aneignet, indem er die eigne veräußert. Sie müssen sich daher wechselseitig als Privateigentümer anerkennen. Der Inhalt dieses Rechts- oder Willensverhältnisses ist durch das ökonomische Verhältnis selbst gegeben. Die Personen existieren hier nur füreinander als Repräsentanten von Ware und daher als Warenbesitzer. Wir werden überhaupt im Fortgang der Entwicklung finden, daß die ökonomischen Charaktermasken der Personen nur die Personifikationen der ökonomischen Verhältnisse sind, als deren Träger sie sich gegenübertreten.“
D’Charaktermask ass also eng Aart Personifizéierung vun den gesellschaftlechen, oder méi genau, vun den ekonomeschen Verhältnesser. Doduerch ginn och d’Individuen zu Porteuren vun gesellschaftlechen a wirtschaftlechen Verhältnësser. Et ass déi Iddi, déi vum Psychoanalytiker Erich Fromm fir d’éischt am Begrëff vum Sozialcharakter entwéckelt gouf. Den Sozialcharakter representéiert all déi Zich vum Charakter oder vun der Perséinlechkeet déi gesellschaftlech noutwenneg sinn fir d’Reproduktioun vun den Verhältnesser. Am Kontext vum Kapitalismus ass den representativen Charakatertypus deen vum Fromm esou genannten Marketingcharakter. Dat heescht dat Verhältnes zou sech selwer, an deem een sech zur gläicher Zäit verhält wéi en Verkeefer an di Wuer, déi een verkeeft.
Wat sech awer op der Iwwerfläch gläicht – den Sozialcharakter wéi en de Fromm begraff huet, an dem Marx seng Charaktermask, déi di emotional Aarbecht mat beinhalte kann – verstoppt och eng déif Diffenrenz. Den Sozialcharakter ass eppes wat duerch Sozialiséierung an Erziehung verënnerlecht gëtt. Sozialcharakter ass dowéinst als eppes wéi en Deel vun engem selwer ze gesinn. De Sozialcharakter ass also d’Strukturéieung selwer vun der Perséinlechkeet. Hien dréckt sech dofir ‹natierlech› aus an et brauch keen Effort, keng Ustrengung fir deem Charakter ze entspréichen. Emotional Aarbecht awer, wéi et den Numm seet, ass eng Aarbecht, eng Ustrengung, och wa se natierlech si soll oder schéinen, ass eppes dobäi wat och der Perséinlechkeet net entrecht.
Esou guer an der Analogie vum „Method acting“ bleift et kloer, dat et do en Acteur gëtt, deen sech zwar mat engem Personnage identifizéiert, déi Identifizéierung awer och no der Opféierung, nom Stéck oder no den Dréiaarbechten erëm wéi säin Costume ofleet. Dofir bleift d’Identifizéierung vun der emotionaler Aabrecht, kontrairement zum Sozialcharakter, och ëmmer d’Resultat vun enger gezwongener Upassung. An et ass wéinst dir Zwanghaftegkeet wou mat der Dauer déi Spannungen a Symptomer entstinn, déi zu de bekannten Konsequenzen vun der emotionaler Aarbecht féieren (Burnout, Alkoholismus an Medikamentenofhängegkeet, Depressioun, Angschzoutsänn, Phänomener vun der Konfusioun an Depersonnaliséierung).
Duerch di ëmmer méi grouss Recuperatioun vun der Subjektivitéit duerch di ekonomesch Verhältnesser kéint een zougespëtzt behaapten, dat den konkreten Individuum, den beim Marx nach den Träger vum Mask war, selwer zur Mask gëtt, oder besser : gi soll, mä et ni ganz gëtt. Domat sollt d‘Entfriemung dann esou zwar komplett an integral gi, wéi een se sech virstellen kann, mä mécht dat net ëmmer. Do wou Symptomer entstinn, do wou et zu perséinlechen Stéierungen an Zesummebréch kënnt, do weist sech eppes wat nach net komplett vun der Entfriemung assimiléiert gouf. Fir dësen leschten Rescht vun Entfriemung dann och nach esou gutt wéi méiglech opzeléisen trieden dann di positiv Psychologie, di emotional Intelligenz, Psychotherapie a Coaching op de Plang.