Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (4/8): Zur Psychologie vun der emotionaler Aarbecht

Wat an der Sozio­lo­gie an an der Psy­cho­lo­gie als „emo­tio­nal Aar­becht“ bezeechent gëtt, bes­teet net ein­fach an deem léiwe Lachen, zu deem mer eis a ver­schid­dene Situa­tioune for­céie­ren. Et gläicht deem wat am Thea­ter „Method Acting“ genannt gouf, wou en Acteur sech voll­stän­neg mat engem Rôle iden­ti­fi­zéie­ren sollt.

Mä esou eng Iden­ti­fi­zéie­rung huet op Dauer en Präis fir déi Per­soun, déi domat hir Sue ver­dénge muss. Di emo­tio­nal Aar­becht bréngt eng nei Form vun Ent­frie­mung mat sech, déi déif an d’Per­séin­le­ch­keet agräift an do esou eenegs duer­cher­neen bréngt.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (3/8): Di emotional Intelligenz

Lang Zäit gou­gen di sozio­logësch Ana­ly­sen vum Kapi­ta­lis­mus an déi Rich­tung ze soen, dat d’Ge­filler­lie­wen duerch de Beräi­sche­rung­strieb an d’Ra­tio­na­li­séie­rung vum ges­chäft­leche Ver­kéier oof­ge­flaacht gëtt. 

Méi rezent huet sech awer eng aner Entwé­ck­lung vum Kapi­ta­lis­mus gewis­sen, déi d’Ge­filler an hiren Mana­ge­ment an de Vir­der­grond stellt. 

D’Tech­ni­ken vun der posi­ti­ver Psy­cho­lo­gie an der emo­tio­na­ler Intel­li­genz sol­len dobäi hël­le­fen, nach méi Pro­fit­ter anzesammelen.

Emo­tio­nal Intel­li­genz war emol en flott Vers­prie­chen, mä si war lei­der och vun Ufank un dorop uge­luecht den neien Gefills­ka­pi­ta­li­mus op Héich­toue­ren ze brén­gen.  (Lire la suite … )