Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (4/8): Zur Psychologie vun der emotionaler Aarbecht

Wat an der Soziologie an an der Psychologie als „emotional Aarbecht“ bezeechent gëtt, besteet net einfach an deem léiwe Lachen, zu deem mer eis a verschiddene Situatioune forcéieren. Et gläicht deem wat am Theater „Method Acting“ genannt gouf, wou en Acteur sech vollstänneg mat engem Rôle identifizéieren sollt.

Mä esou eng Identifizéierung huet op Dauer en Präis fir déi Persoun, déi domat hir Sue verdénge muss. Di emotional Aarbecht bréngt eng nei Form vun Entfriemung mat sech, déi déif an d’Perséinlechkeet agräift an do esou eenegs duercherneen bréngt. […]