Léift a Geschäft
Libesbezéiung an Geschäftsrelatioun schéine ganz verschidde Saachen ze sinn. An der Léift dréckt sech eng déif Verbonnenheet zu enger Persoun aus, net eng Perspektiv op en Avantage. Di geléiwte Persoun ass do net just en Mëttel zum Zweck, mä d‘Zësummensinn mat hir ass den Zweck selwer. Besonnesch am Modell vun der romantescher Léift dréckt sech dës Finalitéit vum gedeelte Gléck am stäerksten aus.
D‘Zesummesinn mat der geléiwter Persoun kënnt an dësem Modell mat engem radikalen Exklusivitéitsusproch : keng aner Persoun zielt nieft dir Persoun mat dir een d‘Léift deelt. Mä och di gesamt Baussewelt kann an der romantescher Léift hir Bedeitung verléieren. Am traditionellen, literaresche Modell vun der romantescher Léift geet dëst Verlaangen no engem Gléck zu zwee och reegelméisseg mat engem déiwe Schmäerz zesumme.
Aus déi Siicht huet romantesch Léift also mat Geschäftsrelatiounen offensichtlech näischt ze dinn. Léift schéint esou guer ganz am Contraire eng Alternativ ze proposéieren, zur kaler, rationaler Geschäftsrelatioun. Bei der Geschäftsrelatioun ass deen Aneren ëmmer just en Mëttel, an ni den Zweck. An der Léift soll et sech genau ëmgekéiert verhalen : do ass de Rapport zu deen aneren Zweck, an ni just Mëttel zum Zweck.
Nom zweete Weltkrich hu sech dunn awer progressiv Libesbezéiung an Geschäftsrelatioun matenee verbonne. Di israelesche Soziologin Eva Illouz huet an den leschte 25 Joer iwwer dëss Ännerunge gefuerscht an e puer erstaunlech nei Charakteristike vun der kultureller Transformatioun vun der Léift festgestallt.
Kucke mer eis kuerz e puer Resultater vun dëser joerzéngtelaanger Fuerschung un.
Fir direkt mat enger ë bëssen iwwerspëtzter Fro unzefänken : wéi gëtt en Liibhaber wéi dem Goethe säi Werther, oder dem Stendhal säi Julien Sorel, fir déi Léift en Liewensentworf war, zum postmoderne Konsument vun der Léift als Wuer um Dating-Maart ?
Wéi gëtt romantesch Léift, déi di existenziell Katastrophen an dem fréizäitegen Doud vu senge literaresche Protagoniste provozéiere sollt, zur kommerzieller Fräizäitbeschäftegung mat Liichtegkeet a Spaass ? Wéi koum, an anere Wieder, d‘Léift op de Maart ?
Et handelt sech hei ëm d‘Entwécklung vun der romantescher Libesbezéiung mat Absoluttheetsusproch an Permanenzcharakter, zum jëtzegen Dating als belibeg widderhuelbart Spaasserliefnes nom Aarbechtsdag.
Nom Eva Illouz leeft dës Beweegung iwwert zwee grouss gesellschaftlech a kulturell Prozesser : d‘Romantiséierung vun den Wueren engersäits, an d‘Transformatioun vum Romanismus an eng Wuer anerersäits. Et ass dësen zweete Prozess, deen sech am wichtegste sollt erausstellen.
Kucke mer kuerz wéi sech romantesch Léift iwwert d‘Funktioun vum Konsum Maart-tauglech gëtt.
D‘Romantiséierung vun de Wueren ass op éischter Plaz den Effort vum Marketing an der Nokrichszäit. Aus der Analyse vum der Symbolik op déi den Marketing zeréck gräift gesäit een, deen ab e gewësse Moment net méi d‘Nëtzlechkeet oder den Gebrauchswäert vun der Wuer dat ass, wat den Konsument zum Kaf soll mobiliséieren. Wueren ginn elo an en Zesummenhang vu Léift, Gefiller an Romantik bruecht. Et geschitt, an de Wieder vum Illouz, eng „Romantiséierung“ vun der Wuer. Mat der zousätzlecher Hëllef vun der Filmindustrie entsteet dann de bekannte kulturellen Zesummenhang tëscht Léift, Schéinheet, Jugend, Räichtum an ostentativen Ausgaben.
Ostentativ Ausgaben, oder ostentative Konsum besteet doran, Saachen ze kafen an ze gebrauchen als Mëttel fir d‘Demonstratioun vu sengem soziale Status oder senge finanzielle Mëttel. Konkret : di elle Poche déi kee bessere Gebrauchswäert huet wéi iergend eng aner kritt dank geschécktem Marketing en Symbolwäert, deen se da vu allen anere Pochen distinguéiert. D‘Wuer brauch sech dann ëm hir Nëtzlechkeet net méi ze këmmen, wat zielt ass hir Bedeitung fir déi Persoun déi se besëtzt an weise kann. D‘Romantiséierung vun de Wuere geet selbstverständlech mat der Marketing-Technik vum Branding zesummen.
Romantiséierung vun de Wuere bedeit dat am Symbolwäert di romantesch Dimensioun, oder di sexuell Attraktioun direkt mat ugeschwat gëtt. Dat kann direkt geschéie wéi an verschiddene Publicitéiten, oder méi indirekt, als Nieweschauplaz am Film. Den James Bond fiert net an engem banaliséierte Citronën, a hie schléift net an engem Motel an der Industriezon, nieft der Autobunn-Ausfahrt. D‘Bond-Girl dréit keng Auer aus dem Supermarché, a wunnt och net an engem 30 Meter-Carré Plattenbau mat Ikea-Miwwelen.
Mat esou Biller a Virbiller sollen an der Virstellung Räichtum, Attraktivitéit, Léift, Sex a Konsum zur allgemenger Imaginatioun zesummewuesse. An dofir, fir dat schéint Verspriechen, gëtt een da gären seng Suen aus.
Dofir gouf de Kino esou en wichtegt Mëttel fir den romantesche Marketing :
Every night Sarah Cohn would go
to a moving picture show …
An de Kino geet een fir d‘éischt emol mat senger Léift fir doheem eraus, am Däischteren zesummen ze sinn. D‘Fuite aus dem groen Aarbechtsdag geet besser mat engem Kinnosbilljee an der Täsch.
Mä am Kino léiert een dann och ze dreeme wat Léift a Wierklechkeet ass oder sollt sinn, wéi schéin se ass, wann een se ausliewe kann an deieren Autoen, elegante Booter oder an exklusiven Hoteller.
Nieft dem Kino besteet d‘Utopie vun der Léift zu zwee, ab den 40er a 50er Joren, am Verreesen. Am Ufank idealerweis am Auto. Hei entsteet lues a lues de selbstverständlechen Zesummenhang vu Léift, Reesen an Tourismus wäit wäsch vun doheem.
Keep away from the fellow who owns an automobile.
He’ll take you far in his motor car ;
too darn far from your pa and ma …
Déi Vermëschung vu Romantik a Konsum mécht dat aus, wat d‘Eva Illlouz di politesch Ekonomie vun der Libesaffär nennt. Mat senger Léifster, mat sengem Léifste fiert een wäit fort am Motor car. Et fiert een an e gudde Restaurant, an e flotten Hotel. Well et wëll een jo weisen, dat een et och wierklech mengt. An dat kascht hält eppes. There‘s nothing like a free lunch. An : there‘s nothing like free love.
Den deiere Bijou, oder de Luxus-Hotel a Sardinien mat Stäeren-Restaurant ass dach eppes ganz anescht, wéi den Wollpullover oder de Schal, deen d‘Frae soss iwwer Méint heemlech hirem Léifsten als Kaddo doheem gestreckt hunn. Dat ass di nei politesch Ekonomie vun der Léift déi sech an der Nokrichszäit ëmmer méi breet entwéckelt.
A fir déi, di doheem bleiwen ass et och net vill anescht. Well en einfachen Date mat Owendiessen, enger Fläsch Wäin an engem Taxi kann och emol eppes kaschten. No enger Recherche kascht zum Beispill esou en Datezu Oslo am Duerchschnëtt ëm di 160€. Zu London bezilt een der 150, an zu New York just nach 140. An dat ass wann een sech net besonnesch ustrengt.
D‘Zesummewuessen vu Léift, Sex a Konsum ass och en Unzeeche vum neie Wuelstand vun de Mëttelklassen. Bessere Verdéngscht an bezuelte Congé sinn zwar progressistesch Errongenschafte vu lénke Beweegungen, mä se sinn och den Terrain vun der kapitalistescher Koloniséierung vum Alldag, vun de Gefiller a vun der Léift duerch Wirtschaft a Wuerefetischismus am Klengbiergertum.
An de 40er, 50er a 60er Joren ass lues a lues déi Ekonomie vun der Léift entstanen, déi ons haut esou selbstverständlech ass. Eraus goen, verreesen, Theater, Kino, Restaurant, oder Solden-Shoppen zu Mailand mat Iwwernuechtung am Armani-Hotel : si all gehéieren zu den romanteschen Erliefnisser an de kulturelle Widderspréch vum Kapitalismus.
An dësen Erliefnesser gouf d‘Léift zur konsumräicher Fräizäitbeschäftegung vum Mann a vun der Fra déi eppes op sech halen, wäit ewäch, soi-disant, vun de Routinne vum Aarbechtsalldag a vum ekonomeschen Konkurrenzkampf.