Gefiller : tëscht Biologie a Geschicht
No enger geleefeger Anekdot, soll den Sigmund Freud emol gesot hunn dat d‘Aarbecht an d‘Léift di zwee Grondpiliere vum Gléck wären. Dat kléngt e bëssen erstaunlech fir en Auteur dënn soss net wierklech duerch säin Idealismus oder seng Blauäugegkeet opfält.
Wär et also méiglech och an enger kapitalistescher Gesellschaft säi Gléck an der Aarbecht oder an der Léift ze fannen ? An wéi steet et iwwerhaapt ëm d‘Gefiller an Zäite vum Kapitalismus, wou et haaptsächlech ëm Geld-Akkumulatioun, Wuesstem a Konsum geet ?
Wien sech och nëmmen ë bësse mat dem Marx senger Analyse vun der Aarbecht am Kapitalismus beschäftegt huet, dierft sech iwwer deen eegenaartegen Optimismus vum Freud wonneren. Ëmmerhin hat den Marx seng Haaptwierker gutt 40 Joer virum Freud verëffentlecht.
Sécher hat den idealisteschen däitsche Philosoph Georg Wilhelm Friedrich Hegel am Ufank vum 19. Joerhonnert geduecht, dat mär Mënschen eis an der Aarbecht als Mënsche verwierklechen.
An der Aarbecht, esou den Hegel, kéinte mer eis vun de Fessele vum Bedürfnis an vun der Natur léise, an doduerch eng vernënfteg, sittlech Gesellschaft verwierklechen. Et kéint een also denken dat dem Freud säi Begrëff vun der Aarbecht als een vun de Grondpiliere vum Gléck an dëser idealistescher Traditioun gefaange bleift.
Mä et ass och genau déi Traditioun déi vum Karl Marx, a vu sengen Nofollger soziologesch dés-idealiséiert gouf. Den idealisteschen Aarbechtsbegrëff ass en Ideal : en Ideal dee vun der Realitéit, esou dem Marx seng Feststellung, iwwerall mat Féiss getrëppelt gëtt.
De Lounaarbechter, esou den Marx, verkeeft nämlech seng Liewenszäit an seng Aarbechtskraaft un en Employeur, deen net nëmme bestëmmt, wéi, wat, wéini a wéi vill geschafft gëtt, mä deen sech och nach dei duerch d‘Aarbecht erschaffte Plus-value klaut.
An hei fanne mer och en éischten Hiweis op en ganz aneren Zesummenhang tëscht Kapitalismus a Gefiller. Net vu Gléck geet et hei riets, mäi wéi den Marx dat en angem vu sengem fréien Textfragmenter nach formuléiert huet : vun der Entfriemung, oder der Alienatioun.
De Lounaarbechter deen seng Zäit a seng abstrakt Aarbechtskraaft a seng Kompetenzen un Firmeninhaber verkeeft, fir eppes ze knabberen ze hunn, huet weder en perséinleche Bezuch zu senger Aarbecht, nach zu den Produkter oder Resultater vun dier Aarbecht. Hie schafft just fir d‘Suen, a kann, a muss oft dofir iergend eppes fir hie Sënnloses maachen. Dofir bleift di Aktivitéit him eigentlech ëmmer friem.
Entfriemung heescht dofir : wou geschafft gëtt, do ass kee Liewen, a wou d‘Liewen ass, an der Fräizäit, do gëtt net geschafft. Dofir huet d‘Fräizäit dann och d‘Tendenz esou eidel a verfriemend ze ginn, wéi d‘Aarbecht selwer. Déi Tendenz ass da vollstänneg erreecht, wa Fräizäit just nach duerch di kompensatorësch Aktivitéit vum Konsuméieren opgefëllt gëtt.
Virun 8 Joer huet den kierzlech verstuerwenen amerikaneschen Anthropolog David Graeber déi héig bezuelten Aarbechten an der Finanzwelt, an den „Public Relations“, am Marketing, an den ëffentleche Verwaltungen asw. analyséiert. Dobäi huet hien d‘Alienatioun bei der Aarbecht nach emol do opgedeckt, wou een se am mannste vermutt hätt : an den ieweschte Chefetage.
De provokante Begrëff, deen den Graeber fir dës Zort vun Aarbechte gepräägt huet, war dee vum „Bullshit Job“. Domat waren eng ganz Rei vu Beruffer mat beandrockenden Titelen an dramhafte Salairen an Boniën als esou eidel a sënnlos entlarvt, wéi di aarm Leit, di hiert Liewen domat verschwenden, sech selwer oft genuch fillen.
Dem Graeber seng Definitioun vum dësen Aarbechte war :
„En Bullshit-Job ass eng Form vu bezuelter Beschäftegung, déi esou vëlleg sënnlos, onnéideg oder verdierflech ass, dat esou guer den Aarbechtnehmer hir Existenz net rechtfäerdege kann.“
Datt esou Beschäftegungen, déi also oft immens gutt bezuelt ginn, a déi mat formidabelen Titelen dohier kommen, net zum Gléck bäidroen, ass och deene selwer bewosst, déi se ausüben. Si provozéieren, och bei hinnen Gefiller vum der eegener Iwwerflëssegkeet, vun der Sënnlosegkeet a vun der Eidelkeet. Alienatioun am gëllene Käfeg. Domat hätte mer elo emol schonn eng éischt Perspektiv op d’Fro, wat d‘Aarbecht am Kapitalismus mat Gefiller ze dinn huet.
Mais wéi ass et elo mat der Léift ? Erlaabt da wéinstens d‘Léift e bëssen eppes vun deem Gléck erëm ze gewannen, déi d‘Aarbecht am Fréi- a Spéitkapitalismus onméiglech mécht ?
Léift erscheint effektiv fir d‘éischt emol wéi en lescht Naturreservat vun Authentizitéit, Éierlechkeet a Gemeinsamkeet duerzestellen, déi der Welt vun der Aarbecht, vum Konsum a vun de schéine Fassaden entgeet.
Léift ass, no enger allgemengster Definitioun, en Gefill vun Zouneigung a Wäertschätzung. D‘Léift zu enger anerer Persoun dréckt sech aus als Gefill vun déiwer Verbonnenheet, Ënnerleeënheet, Verlaangen an Begehren. Léift schéngt also alles dat ze verspriechen, wat vun der ekonomescher Konkurrenz onméiglech gemaach gouf.
Gefiller, esou léieren ons d‘Wëssenschafte säit dem Charles Darwin, sinn eng evolutionnär, biologesch Charakteristik vun den Déiere mat Nervesystem.
A sengem 1872 verëffentlechte Buch iwwert den Ausdrock vun de Gemittsbeweegungen beim Mënsch a beim Déier versicht den Darwin ze weisen, dat esou wuel d‘Gefiller wéi hir Ausdréck als diskret Entitéiten an der Entwécklungsgeschicht entstane sinn. Gefiller sollen duerno als universell an invariabel gëllen.
Des Iwwerzeegung huet sech dann och an der Zäit esou déif an onse sougenannten „gesonde Mënscheverstand“ agebrannt, dat et bal vermesse kléngt, di reng biologesch Natur vun de Gefiller a Fro ze stellen.
Wann dat de Fall wär, da misst jo och d‘Léift ëmmer d‘Léift bleiwen. Wa Gefiller eppes sinn, wat ons Nerve sekretéiere wéi eis Liewer Gal oder eis Bauchspeicheldrüs hir Pankreassäfte, da misste mer jo mat bei der Léift nach op ë bësse Gléck, ausserhalb vum Kapitalismus, rechne kënnen ?
Wa Léift eppes ass, dat vum limbesche System am Gehier mëttels Ausscheede vun Dopamin an Oxytocin, vun Norepinephrin a Serotonin generéiert gëtt, genau esou wéi den Mo Salzsaier an Pepsinogen beim Verdauen ofsënnert, dann huet Lieft näischt mat Geschicht, Gesellschaft, Kultur oder esou guer Kapitalismus ze dinn. Léift wär dann tatsächlech dat versprachent Naturreservat vum en onvermëttelte Neurotramsitter- an Hormongléck ?
Wien esou vermeintlech „wëssenschaftlech“ iwwer Gefiller a Léift schwätzt, dee schéngt trotzdeem iergendwéi guer näischt dovu verstanenen ze hunn, wat Gefiller a wat Léift an onsem Liewen heeschen.
Well Gefiller, well Léift sinn net just Bewosstsäins-Äquivalenter vu biologesch-materiellen Virgäng. Si hu Bedeitungen, si representéiere Wäerter, si erfëlle verschidde psychesch a sozial Funktiounen, an berouen je no geschichtleche Perioden, je no Gesellschafts a Kulturformen, op ganz verschidde Denken, Handelen an Empfannen.
D‘Léift an der Zäit vun de materielle Beräicherungstrieber, vum Geltungskonsum, vun den décken Autoen, an de Marken-Poschen huet näischt méi mat der Léift vum Mythos vum Tristan und Isolde, mat der Léift aus Goethe sengem Werther oder dem Stendhal sengem Le rouge et le noir ze dinn.
Haut ass d’Léift selwer en Konsumartikel ginn, dee esou liicht an iwwerflächlech „Klick“ maache soll, wéi d’Maustast op deem Internetsite, deen se als Abo verkeeft.