Gefiller op der Aarbecht a Gefiller als Aarbecht
Gefiller sinn net just en Bewosstsinnsinhalt, dee biologesch a physiologesch Prozesser vum Nervesystem spigelt. Gefiller sinn net einfach eppes wat ons Nerve sekretéiere. Gefiller, ganz trivial gesot, si fir d‘éischt emol eppes wat mär fillen. An anere Wieder : Gefiller maachen en weesentlechen Deel vun eiser subjektiver Erfarung vun der Welt a vun deenen anere Mënschen aus. Gefiller gehéieren zu deenen Zoustänn, an deem mer eis befannen, an déi eis an onsem Denken an Handelen am Grond ausmaachen. Si sinn net eppes wat emol niewelaanscht zum Bewosstsinn dobäi kommen, a dat een och kéint wäsch loossen.
An deem Sënn kann een un eng rezent Definitioun vum amerikanesche Soziolog Norman Denzin denken, déi weist wéi komplizéiert Gefiller eigentlech sinn :
En Gefill ass eng gelieften, gegleefte, situéiert an zäitlech verkierpert Erfarung, déi duerch den Bewosstsinns-Stroum vu enger Persoun astraalt, an hirem Kierper gefillt gëtt, duerch hire Kierper leeft, an déi d‘Persoun an hir Matmënsche wärend hirem Liewensprozess an eng nei an transforméiert Realitéit andauche loossen – d‘Realitéit vun enger Welt déi duerch emotional Erfarung constituéiert gëtt.
Gefiller sinn also en Deel vun onser Erfarung vun der Welt un vun onsem Rapport mat anere Mënschen. An dat ass eppes ganz anescht wéi eng physiologesch Aktivitéit vun e puer Neuronen, Neurotransmitteren an Hormonen. Gefiller gehéieren zur Erfarung selwer vun eisem An-der-Welt sinn.
Dobäi kënnt dann nach, dat an der Welt, wou d‘Gefiller sech situéieren, si och verschidde Bedeitungen hunn a verschidde psychesch a gesellschaftlech Funktiounen erfëllen. Gefiller hunn, an anere Wieder och eng Geschicht, si gehéieren zu enger gewësser Gesellschaftsform.
Wa fir den Achilles aus dem Homer senger Illiad d‘Roserei dat ass, wat hien iwwermënschlech a gottähnlech mécht, dann wär eng solch Wut fir eis haut iwwerhaapt näischt heldenhaftes.
Mär géife éichter beim Här Achilles eng Wutstéierung oder, wéi et wëssenschaftlech heescht, eng „Stéierung mat intermittéierend optriedender Reizbarkeet“, nom Code ICD 10 (F63.8) vun der Weltgesondheetsorganisatioun, diagnostizéieren. Et gëtt also eng Welt tëscht engem Gefill am 8. oder 7. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung, an dem scheinbar „nämmlechten“ Gefill haut.
Dofir ass et dann och méiglech ze weisen, wéi di rezent Geschichtswëssenschaft, Soziologie an Anthropologie dat maachen, datt Gefiller an der Zäit vum haitegen Kapitalismus eppes ganz anescht duerstellen, vum dat wat se etwa am fréie Kapitalismus, oder nach virdrun, an der Feudalismus waren. Verloosse mer awer elo di allgemeng theoretesch Reflexioun iwwert Gefiller, a kucke mer ons dës Ännerungen an konkreten Detail un.
Déi éischt Analyse vum Zesummenhang tëscht der Aarbecht am Kapitalismus, an de Gefiller, stamen aus den Ufäng vun der Soziologie, déi als nei Disziplin am Enn vum 19. Joerhonnert gebuer gouf.
Vum däitsche Soziolog Max Weber staamt d‘Theorie vun der Rationaliséierung. Op d‘Gefiller bezunn heescht Rationaliséierung nom Max Weber d‘“Ausschaltung vun allen reng perséinlechen Empfindungselementer.“ Dës Ausschalte vu perséinleche Gefiller, an d‘Konzentréieren op eng reng instrumental Rationalitéit, charakteriséiert d‘Kultur vum moderne Kapitalismus.
Änlech Iwwerleeunge fënnt een och bei den Soziologe Georg Simmel an Norbert Elias. Nom Simmel féieren déi komplex Austauschprozesser vum Kapitalismus noutwenneg zu enger offlaache vum Gefillsliewen. An och den Elias huet nach an den 40er Jore geduecht dat d‘Ausbreedung vum Kapitalismus mat der Verstäerkung vun der Affektkontroll zesumme geet.
Di allgemeng Linn vun dëse geschichtlech-gesellschaftlechen Analysen war also, dat d‘Kultur vum Kapitalismus eng gefillskal Kultur ass. Hei geet et net drëm eppes ze empfannen, oder ze erliewen, mä di bescht Mëttelen auszedenken an ze gebrauchen, déi een fir deen eenzegen Zweck vun der kapitalistescher Produktioun – d‘Kapitalakkumulatioun – noutwenneg sinn. Gefiller wäichen hei der instrumenteller Vernonft : dat heescht engem Denken dat sech ausschliisslech ëm di wierksaamst an bëllegst Method këmmert, Geld ze maachen.
Nun ass awer dir amerikanescher Soziologin Arlie Russell Hochschild an den 90er Joren eppes bei hire Studie vun den amerikanesche Fluchbegleeder, vun den Stewardessen an den Stewarden, opgefall, dat genau de Contraire weist.
Bei der Ausbildung vun de Fluchbegleeder goufen dës vun den Fluchkompanien ëmmer erëm drop higewisen, si sollen den Clientë laachen, wéi wann se et wierklech menge géifen.
Fir de Fluchbegleeder ass Laachen en Deel vun hirer Aarbecht, en Deel dee se verlaangt hiren Ech an hir Emotiounen ze koordinéieren, sou datt d’Aarbecht liicht schéngt. Weisen datt Freed Ustrengung kascht mécht d’Aarbecht schlecht. Et ass och Deel vun der Aarbecht fir Middegkeet a Reizbarkeet ze verstoppen, soss géif d’Aarbecht sech op eng falsch Manéier weisen an d’Produkt – Passagéierzefriddenheet – géif beschiedegt ginn. Well et méi einfach ass Middegkeet an Irritatiounen ze verdecken wa se komplett evitéiert kënne ginn, op d’mannst fir kuerz Perioden, fuerdert dës Ustrengung emotional Aarbecht.
(Hochschild, A. R. (2012). The Managed Heart : Commercialization of Human Feeling. University of California Press.)
Nieft der kierperlecher Aarbecht, an nieft den kierperlechen an technesche Fäegkeeten, musse Flugbegleeder, esou den flotten Ausdrock vum Arlie Russel Hochschild, also och Gefillsaarbecht leeschten. Si mussen ëmmer gutt gelaunt sinn. Si mussen ëmmer fein bleiwen, och wa Clienten ze nerven, se agresséieren, se beleidegen, hinne sexuell Avancë maachen.
Firwaat huet d‘Arlie Russell Hochschild dat Gefillsaarbecht genannt ? Aus zwee einfach verständlech Grënn.
Éischtens well esou eng frëndlechen an oppen Attitüd ze hale keen Talent ass, dat een vu Gebuert un huet, mä eng Fäegkeet déi een untrainéiere muss, an déi oft och immens Ustrengung kascht.
An zweetens, well déi Aart a Weis Gefiller ze benotzen, Gefiller och bei den Clienten ze provozéieren an ze entretenéieren en Aspekt ass vun enger Lounaarbecht. Nieft der physescher Leeschtung vum Kierper, an nieft den Leeschtunge vun der Intelligenz trieden esou also och di emotional Leeschtungen an dat kapitalistescht Produktiounsverhältnis eran.
An nodeems d‘Arlie Russell Hochschild dat bei den Fluchbegleeder gesinn hat, ass him selbstverständlech opgefall, dat déi emotional Leeschtungen eigentlech immens wäit verbreet sinn.
Am Industriekapitalismus, dee fir d‘éischt am Detail vum Marx a vum Engels analyséiert gouf, waren et ëmmer nëmmen di kierperlech Leeschtung, di kierperlech Kraaft déi den Aarbechter an der Lounaarbecht verkeeft.
Selbstverständlech haten si och schonn Déngschtleeschtunge kannt, mä déi waren hinnen nach net esou relevant, dat se weesentlech zu den Produktiounsleeschtungen dozou gezielt solle ginn.
Am Industriekapitalismus interagéiert den Aarbechter haaptsächlech mat sengem Handwierksgeschier, oder méi nach mat der Maschinn.
An der post-industrieller Produktioun, wou den Déngschtleeschtungssecteur zur Haaptproduktiounskraaft gëtt, huet den Aarbechter net mat Maschinnen, mä mat anere Leit ze dinn. Obwuel dat sech mat der Elektronikindustrie och erëm geännert huet. Mä bleiwe mer beim klasseschen Déngschtleeschtungssecteur : hei ass et net d‘Kierperkraft an Ausdauer, mä d‘Wëssen an, justement, d‘Gestioun vun de Gefiller déi an de Virdergrond trëtt.
Wat d‘Arlie Russell Hochschild also entdeckt hat, a wat nach kee virun hir esou kloer gesinn hat, ass dat am Déngschtleeschtungssecteur Emotiounsaarbecht ëmmer scho mat bedeelegt war.
Vun hei aus, vun dëser klenger Decouverte an der Ausbildung vun de Flugbegleeder gëtt de Bléck fräi op eng ganz nei Dimensioun vum post-industriellen Kapitalismus : dat wéi déi israelesch Soziologin Eva Illouz „emotionale Kapitalismus“ genannt huet. D‘Eva Illouz definéiert dee folgendermoossen :
D’Begéignung tëscht engersäits dem Vokabulär vu de Psychologen an de Servicer, déi vun hinnen ugebuede ginn, an op der anerer Säit dem Besoin vum « Firmenkapitalismus » fir d’Subjektivitéit vu sengen Aarbechter ze kontrolléieren, huet den emotionale Kapitalismus geschaaf. Emotionale Kapitalismus ass en allgemenge Begrëff, deen et erlaabt déi verschidde Prozesser ze beschreiwen, duerch déi de Kapitalismus an d’Emotiounen zësumme fonnt hunn an duerch déi d’Subjektivitéit kanaliséiert gouf, souwuel an den organisatoresche Strukture vu Firme wéi och um Maart vum Konsum, ier se an di perséinlech Bezéiungen eran injektéiert goufen.
(Illouz, E., & Benger Alaluf, Y. (2016). „Le capitalisme émotionnel“. In A. Corbin, J.-J. Courtine, & G. Vigarello (Hrsg.), Histoire des émotions : Vol. 3. De la fin du XIXe siècle à nos jours (S. 56 – 75). Éditions du Seuil.)
Am zäitgenëssesche Kapitalismus goufen di sozial a professionell Reseauen ëmmer méi dicht, di hierarchesch Strukture méi komplex an dem Uschäin no méi demokratesch, an de Besoin vun der Orientéierung an dëser Komplexitéit ëmmer méi grouss. Dofir gouf et och ëmmer méi wichteg déi aner Leit ze entzifferen, ze wësse wou een mat hinnen drun ass, hir Gefiller ze verstoen, an dat fir se richteg an zum eenegen Avantage ze benotzen.
Aus deene Bedürfnisser eraus erstinn dann nei Bedürfnisser vun de emotionaler Gestioun vun eis selwer a vun deenen aneren.