Skip to main content

Mesuren an hir Konsequenzen

Mesuren an hir Konsequenzen

Moossnamen zur Bekämpfung vun engem Virus, dee wuel ni méi ganz verschwannen wäert, dierften d’Normalitéit vun deenen nächsten Joren bestëmmen. Et kéint een esou guer denken, dat esou Moossnamen ons nach wäerten begleeden, wann eng aner real oder imaginär Gefor déi vum Virus ersat huet. Kandidaten feelen hei net. Mä déi sëllegen Moossnamen, vun deenen […]

Gruppendenken

Gruppendenken

Politesch Debatten a grouss onekonomesch Discoursen lafen gären op Floskelen, Phrasen a Wuertgekléngel eraus. Wien sech schonn e puer vun deenen fantasteschen Interviewen mat Politiker, oder mat der Elite vun den Industrie- a Wirtschafts-Decideuren am Paperjam ugekuckt huet, dierft och heiansdo den ongudden Androck gehat hunn, dat hei keng lieweg, denkend a fillend Persounen hir Gedanken ausdrécken, mäi eppes wéi en Sproocheprogramm deen en Jargon mam Vokabularräichtum vun engem Grondschoulkand duerchdeklinéiert.