Am Ufank vun der Pandemie huet et geheescht, mer missten den exponentielle Wuesstum vun der Infektioun vermeiden, fir d’Spideeler net ze iwwerlaaschten.
Dat war déi klassesch Gesondheetspolitik vum Wuelfaartsstaat: all Bierger sollt d’Méiglechkeet hunn, behandelt ze ginn. Mëttlerweil huet sech déi Zilsetzung awer geännert: si gouf vun engem aneren Zil ersat, dat weder thematiséiert, nach kritesch diskutéiert gouf.