D’Gespréicher iwwert ons Pandemie hunn sech a leschter Zäit ëmmer méi a Richtung vu moraleschen Froen a Problemer hin entwéckelt. Amplaz vun den medezineschen Informatiounen déi am Ufank all Kommunikatioun iwwerschwemmt hunn, geet elo ëmmer méi riets vun Verantwortung, vun Flicht a Schold.
Des moralesch Kéier erschéngt vläicht wéi eng Léisung op di politesch a gesellschaftlech Problemer déi sech elo imposéieren. Mä si biergen virun allem eng Gefor fir onst Zesummeliewen.
Wéi bei allen groussen Krisen koum also och hei de Moment, wou op d’Moral zeréck gegraff gouf, fir di allgemeng Veronsécherung ze calméieren a fir eng Aart iwwergräifen Orientéierung hierzestellen. Leider ass d’Moral eng geféierlech Medezin, di gären vergëft, wat se heelen soll. (Lire la suite … )