68 – Revolt an Utopie

50 Joer no 68 ginn d’Dis­kus­siou­nen doriw­wer wat 1968 war, a wat et bedeit huet nach ëmmer mat vill Pathos op dir enger Säit, mat Zynis­mus an Iwwe­rhie­fle­ch­keet op dier aane­rer gefouert. Eng bal gelon­gen sozia­lis­tesch Revo­lu­tioun, eng kol­lek­tiv Ner­ve­krise vun ver­winn­ten Stu­den­ten, eng Kul­tur­re­vo­lu­tioun, di grouss sexuell Libe­ra­tioun, en all­ge­men­gen Befreiung­skampf géint di ver­fil­zen sozial a poli­tesch Struk­tu­ren oder eng lénk­sex­treme Hetz­cam­pagne mat tota­litä­ren Uspréch ? Esou ver­schid­den Inter­pre­ta­tiou­nen fënnt een esou wuel lenks wéi riets vum poli­tes­chen Spek­trum. Net man­ner ver­schid­den a kon­tro­vers sinn d’Dis­kus­siou­nen nach ëmmer doriw­wer wat 68 bruecht huet : en neit Lie­wens­ge­fill, eng Demo­kra­ti­séie­rung vun der Gesell­schaft, d’E­man­zi­pa­tioun vun de Fraen ? Oder war et dach just, wéi e puer äerz-kon­ser­va­tiv Phi­lo­so­phen dat an den 80ger Joren affir­méiert hunn, en kleng-bier­ger­le­chen Ops­tand géint den Huma­nis­mus, géint Bil­dung a fir en intel­lek­tuel­len a mora­les­chen Rela­ti­vis­mus ? D’Se­rie ver­sicht ver­schid­den vun dësen Aspek­ter am Kon­text ze beliich­ten : d’Kri­tik an d’Re­volte op dier enger Säit, d’U­to­pien an d’Id­dien fir eng bes­ser Gesell­schaft op dir aanerer. 

1. Wat war 1968 ? (04. Abrëll 2018) [Audio]

Säit den 1980ger Joren schéngt et fir ëmmer méi Leit kloer ze sinn, dat et keng Alter­na­tiv gëtt : keng Alter­na­tiv zum eko­no­mes­chen Wuess­tem an zur Aus­bree­dung vum eko­no­mes­chen Den­ken op all d’Beräi­cher vun onsem Lie­wen. Wa mer 50 Joer zeréck kucken, op 1968, ent­de­cken mer eng Welt voll Alter­na­ti­ven, voll Méi­gle­ch­kee­ten. Eng Welt an dier den eko­no­mes­chen Inte­gris­mus genau esou kri­ti­séiert gouf wéi seng poli­tesch a sozial Ins­ti­tu­tiou­nen. An et blouf och net bei den Kri­ti­ken. D’U­to­pien soll­ten och erëm kon­kret ginn. 68 steet vun eng Zäit­pe­riod vun enger bean­dro­cken­der Diver­si­téit an ers­taun­le­chen Konvergenzen.

2. Spaassrevolutioun a lenken Faschismus (11. Abrëll 2018) [Audio]

1968 war d’Joer vun den grous­sen Theo­rien, den ori­gi­nel­len Mani­fes­ta­tiou­nen an den inter­na­tio­na­len Revol­ten. Et war d’Joer wou am Sum­mer zu Paräis a vil­len ane­ren Stied Bier­ger­krichsähn­lech Zoustänn beherr­scht hunn. Di grouss Wei­ge­rung an d’Re­vo­lu­tioun lou­chen iwwe­rall an der Loft. An di Revo­lu­tioun sollt och Spaass maa­chen, wéi et di sël­le­chen Spréch wei­sen, di en haut nach laa­chen dinn. Niewent dem Spaass gouf et awer och séier dou­dees­cht. Stu­den­ten gou­fen vun der Police zesumme ges­chloen, uges­choss, an erschoss. Ver­schid­de­ner woll­ten dorop mat Gewalt änt­we­ren an eng Staat­gue­rilla organiséieren.

3. Rebellioun a Gewalt (18. Abrëll 2018) [Audio ]

1968 louch eng grouss Revo­lu­tioun an der Loft. Mä wéi sollt déi Revo­lu­tioun gemaach ginn ? Mat Wie­der oder mat Waf­fen ? Mat wit­ze­gen Spréch oder mat geziel­ter Pro­vo­ka­tioun ? Mat dif­fe­ren­zéier­ten Argu­men­ta­tiou­nen, oder mat Bom­men an den Super­mar­chéen ? Hei schee­den sech d’Gees­ch­ter. Ver­schid­den Intel­lek­tuel­ler a ver­schid­den Stu­den­ten­féie­rer hunn do ganz ver­schid­den Usiich­ten. Op dir enger Säit schéngt Gewalt net nëm­men inevi­ta­bel, mä esou guer gerechtfäer­degt. Op dir aane­rer Säit erschéngt Gewalt ille­gi­tim, willkür­lech an esou guer als Ver­drän­gung­sme­cha­nis­mus fir d’On­verständnes vun der Situatioun.

4. Frankräich 68 : bal eng Revolutioun (25. Abrëll 2018) [Audio]

Fran­kräich war dat Land, gëtt oft gezielt, dat 1968 enger Revo­lu­tioun am nächs­ten koum. An tatsä­chlech gouf et keen anert Land, wou esou vill Leit op de Stroos­sen waren fir ze mani­fes­téie­ren wéi am Fran­kräich. Hon­nert­dau­sen­den Stu­den­ten hunn mani­fes­téiert, a Mil­liou­nen Aar­bech­ter hunn en Gene­ral­streik vum 13. Mee bis Mëtt Juni 68 duerch­ge­ha­len. Mä esou séier wéi et am Fran­kräich lass goung, esou séier an ers­taun­lech goung et och zu Enn. Mëtt Juni ver­bitt den de Gaulle d’Ma­ni­fes­ta­tiou­nen an ordon­néiert Nei­wah­len. Resul­tat : di zwou kon­ser­va­tiv Riets­par­teien dee­len sech 77% vun de Votten.

5. Global Revolutioun oder spontan Revolten ? (02. Mee 2018) [Audio]

Waren d’E­ve­ne­men­ter vun 68 eng rich­teg Revo­lu­tioun ? Oder dach nëm­men eng Serie vun Revol­ten ? A wéi sinn di zwee vun eneen ze ënner­schee­den ? Vun dier Fro aus­goend gesi mer, stell­ver­trie­dend fir eng Rei vun ähn­le­chen Pers­pek­ti­ven, eng vun den éisch­ten Inter­pre­ta­tiou­nen vum Mee 68 ; déi vum Ernest Man­del, engem mar­xis­tes­chen Eko­no­mist a lee­den­den Den­ker vun der 4ter Inter­na­tio­nale. Am Réck­bléck vun der Ges­chichts­fuer­schung erschéngt haut awer och wéi ver­schid­den, a wéi kom­plex d’Si­tua­tioun dee­mools war, ver­glach mat den klas­ses­chen mar­xis­tes­chen Ausleeungen.

6. Konkret Utopien (09. Mee 2018) [Audio]

68 ass oft méi bekannt duerch seng Revol­ten a Kri­ti­ken wéi duerch d’Ver­sich d’Ge­sell­schaft och kon­kret ze verän­ne­ren. An un esou Ver­sich huet et net gefeelt. 68 war also och d’Zäit vun den kon­kre­ten Uto­pien, vun Uto­pien déi rea­li­séiert sollte ginn an déi, esou d’Unn­ha­men, un der Zäit waren fir rea­li­séiert kën­nen ze ginn. Et kann een zwou grouss Zor­ten, zwou grouss Kate­go­rien vun Uto­pien ënner­schee­den : déi eng, di sech ni rea­li­séier­ten wäer­ten well se onméi­glech sinn, an déi aner, déi sech nach net rea­li­séiert hunn, well alles gemaach gëtt dat se net zus­tane kommen.

7. Kommunen : déi aner Art Gesellschaft ze maachen (16. Mee 2018) [Audio]

Déi zwou wuel bekannts­ten Kom­mu­nen waren d’Kom­mune 1 an d’Kom­mune 2 zu Ber­lin hunn respek­tiv vun 1967 bis 69 a bis 68 gedauert. D’Ziel vun dësen héich media­ti­séier­ten poli­tes­chen Wunn­ge­mein­schaf­ten wat et d’Theo­rie vun der Revo­lu­tioun an d’Praxis iwwer ze féie­ren. An dat net vun Uewen erof, duerch eng Verän­ne­rung vum Staat a vun der Eko­no­mie, mä vun ënner erop, duerch d’Re­vo­lu­tio­néie­ren vun der Famill a vun den een­ze­len Indi­vi­duen. Mat de Kom­mu­nen sollt d’Praxis vun der Uto­pie stën­ter­lech méi­glech ginn.

8. D’Enn vun der Aarbecht (23. Mee 2018) [Audio]

Eng vun de grous­sen Uto­pien vun 68 war d’Enn vun der Aar­becht. Wéi vill aner 68er Uto­pien gouf och des an den 90er Joren op eng zynesch Aart a Weis vum der Wuess­tem­si­deo­lo­gie recu­pe­réiert. 68 sollt et sech nach em en Aus­gang aus dem Kapi­ta­lis­mus, ëm d’Or­ga­ni­séie­ren vun enger bes­se­rer Welt han­de­len, an dier et keen Ënner­scheed méi gëtt tëscht Aar­becht a Spill, tëscht Rea­li­téits­prin­zip a Lust­prin­zip. D’Enn vun der Aar­becht war d’S­téch­wuert fir eng Gesell­schaft an dir all Indi­vi­duum sech fräi entwé­cke­len sollt.

9. Wat bleift vun 68 ? (30. Mee 2018) [Audio]

An den les­ch­ten Joren vun der his­to­res­cher Recherche ass eréi­scht kloer ginn wéi glo­bal de Phä­no­men 68 war, och op der aane­rer Säit vun der Mauer, och an den Entwé­ck­lung­slän­ner. Glo­bal, awer och, wéi een His­to­ri­ker dat aus­dréckt, inten­siv lokal. Mä wéi ass et no 68 wei­der gaan­gen. Mä wat war dann elo am Réck­bléck vun 50 Joer 68 ? Op déi zwou Froen e puer kuerz Änt­wer­ten am Hibléck op Däit­schland an op Frankräich.