Épisodes radio

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Eng vun den interessanten Schlussfolgerunge, déi den Th. W. Adorno aus den Studien über autoritäre Persönlichkeit (1950) gezunn hat – eng interdisziplinär Studie déi vun 1943-1947 an Amerika gefouert gouf – war dat den Antisemitismus, an d’Tendenz zum Radikalismus net esou ausschliisslech vun den ideologeschen a politeschen Iwwerzeegungen ofhänken, wéi een et sech dat virgestallt hat.
Net manner wichteg fir des Dispositiounen, esou den Adorno, ass eng gewëssen Perséinlechkeets- oder Charakterstruktur, déi sech duerch eng Rei vun charakteristeschen psychologeschen Zich auszeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psychologesch Dispositiounen, déi an der Wiesselwierkung mat engem gewëssen gesellschaftlechen Klima di beschten Chancen duerstellen, fir autoritär Orientéierungen populär ze maachen.   (Lire la suite … )

Erich Fromm (1900-1980)
Épisodes radio

Autoritär (4/7): Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

No baussen ass en autoritäre Charakter liicht ze klassifizéieren an ze beobachten. Mee domat ass nach net erkläert, wéi e vu banne funktionéiert.
Wéi tickt also eng autoritär Perséinlechkeet?

Den Erich Fromm stäipt sech, bei senger Erklärung, zum groussen Deel op dem Freud seng psychoanalytesch Theorie. Déi deelt d’Séil no verschiddenen, charakteristesche Funktiounen an.   (Lire la suite … )