Épisodes radio

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

10 Joer no der Stu­die iwwert Auto­ri­téit a Famill huet en inter­na­tio­na­len an inter­dis­zi­plinä­ren Grupp vu Fuer­scher sech nach emol méi direkt der Fro vum auto­ritä­ren Cha­rak­ter consacréiert. 

Des Etüd, déi zwar säit hirer Verëf­fent­le­chung ëmmer erëm kri­ti­séiert gouf, gehéiert trotz­deem haut nach zu den mees­cht zitéier­ten Tex­ter an der Sozio­lo­gie.  (Lire la suite … )

Erich Fromm (1900-1980)
Épisodes radio

Autoritär (4/7): Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

No baus­sen ass en auto­ritäre Cha­rak­ter liicht ze klas­si­fi­zéie­ren an ze beo­bach­ten. Mee domat ass nach net erkläert, wéi e vu banne funktionéiert.
Wéi tickt also eng auto­ritär Perséinlechkeet ?

Den Erich Fromm stäipt sech, bei sen­ger Erklä­rung, zum grous­sen Deel op dem Freud seng psy­cho­ana­ly­tesch Theo­rie. Déi deelt d’Séil no ver­schid­de­nen, cha­rak­te­ris­tesche Funk­tiou­nen an.  (Lire la suite … )

Radio

Wëssenschaftlech gesond

Zan­ter Joer­zéng­ten héiere mir a ree­gel­méis­se­gen Ofstänn, datt psy­chesch Steie­run­gen zou­hue­len. Deen Diag­nos­tik ass net ganz onpro­ble­ma­tesch, zemol an de les­chte 60 Joer 413 nei Forme vu Stéie­run­gen erfonnt gou­fen. D’Léi­sung schéngt awer all­ge­meng ëmmer déi sel­wecht : wës­sen­schaft­lech Psy­cho­the­ra­pië brén­gen d’Ret­tung.  (Lire la suite … )

Radio

Mir Klengbierger

Eigent­lech, esou eng bekannt Viraus­so aus dem 19ten Joe­rhon­nert, soll­ten Kleng­bier­ger als sozial Klass lues a lues ver­sch­wan­nen. D’Zu­kunft, esou des Iddi, gëtt bestëmmt vum Kampf tëscht Pro­le­ta­rier an Grouss­bier­ger. Bekannt­lech ass et net esou komm. Oder net esou wéi d’Au­teu­ren vun dëser  (Lire la suite … )

No Picture
Manuscrits

Mir Klengbierger 7/7

6. D‘Politik vun de Kleng­bier­ger Wou kom­men poli­tesch Iwwer­zee­gunge, wou kom­men poli­tesch Orien­ta­tiou­nen, a wou kënnt iwwe­rhaapt en Inter­esse oder Desin­tresse u Poli­tik hir ? Änt­wer­ten op déi Froen fël­len Bicher. Ech wëll just e puer Aspek­ter dovu kuerz beliich­ten, a beson­nesch den Rap­port tëscht sozia­ler Klass a  (Lire la suite … )