Radio
Science Wars
Nach ni gouf et esouvill an esou weltwäit kontradiktoresch Informatiounen iwwert esou en klengt Déngen, mat esou massive Konsequenzen. An och d’Wëssenschaften schéngen ons keen einfachen Wee do eraus ze weisen.
Op der Polarstatioun
Och wann déi sozial Distanzéierung dank dem Internet an dem Telefon méi kierperlech wéi sozial bleift, feelt d’Liewe mat Kolleegen a Famill awer. Wéi maachen déi et, déi sech mat esou Situatiounen auskennen ?
Bleift doheem a monter …
Radio als Service Public
Autoritär (7/7): Autoritär haut
Des Studien situéieren sech zum Deel op der Linn vun de groussen Studien zum Autoritarismus vun der « Frankfurter Schule ». Si benotzen eng aktualiséiert Methodologie fir esou wuel di soziologesch wéi di psychologesch Dimensiounen vum Autoritarismus op d’Spuer ze kommen. An d’Resultater sinn, säit 2002, ëmmer erëm erstaunlech.
Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet
Net manner wichteg fir des Dispositiounen, esou den Adorno, ass eng gewëssen Perséinlechkeets- oder Charakterstruktur, déi sech duerch eng Rei vun charakteristeschen psychologeschen Zich auszeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psychologesch Dispositiounen, déi an der Wiesselwierkung mat engem gewëssen gesellschaftlechen Klima di beschten Chancen duerstellen, fir autoritär Orientéierungen populär ze maachen.