Radio

Moral als Gewalt

D’Ges­préi­cher iwwert ons Pan­de­mie hunn sech a les­ch­ter Zäit ëmmer méi a Rich­tung vu mora­les­chen Froen a Pro­ble­mer hin entwé­ckelt. Amplaz vun den mede­zi­nes­chen Infor­ma­tiou­nen déi am Ufank all Kom­mu­ni­ka­tioun iwwer­sch­wemmt hunn, geet elo ëmmer méi riets vun Verant­wor­tung, vun Flicht a Schold.

Des mora­lesch Kéier erschéngt vläicht wéi eng Léi­sung op di poli­tesch a gesell­schaft­lech Pro­ble­mer déi sech elo impo­séie­ren. Mä si bier­gen virun allem eng Gefor fir onst Zesummeliewen. 

Wéi bei allen grous­sen Kri­sen koum also och hei de Moment, wou op d’Mo­ral zeréck gegraff gouf, fir di all­ge­meng Veron­sé­che­rung ze cal­méie­ren a fir eng Aart iwwer­gräi­fen Orien­téie­rung hier­zes­tel­len. Lei­der ass d’Mo­ral eng geféier­lech Mede­zin, di gären vergëft, wat se hee­len soll.  (Lire la suite … )

Radio

Gruppendenken

Poli­tesch Debat­ten a grouss one­ko­no­mesch Dis­cour­sen lafen gären op Flos­ke­len, Phra­sen a Wuert­gek­lén­gel eraus. Wien sech schonn e puer vun dee­nen fan­tas­tes­chen Inter­vie­wen mat Poli­ti­ker, oder mat der Elite vun den Indus­trie- a Wirt­schafts-Deci­deu­ren am Paper­jam uge­kuckt huet, dierft och heians­do den ongud­den Androck gehat hunn, dat hei keng lie­weg, den­kend a fillend Per­sou­nen hir Gedan­ken aus­dré­cken, mäi eppes wéi en Sproo­che­pro­gramm deen en Jar­gon mam Voka­bu­larräich­tum vun engem Grond­schoul­kand duer­ch­dek­li­néiert.  (Lire la suite … )

Radio

Denkverbuet

Wann ee schonn eppes sécher vun der aktuel­ler Coro­na-Kris zeréck hale kann, dann ass et, op där enger Säit, d’Kom­plexi­téit vun den wës­sen­schaft­le­chen, poli­tes­chen, mora­les­chen a gesell­schaft­leche Pro­ble­mer déi se mat sech bréngt. A wat op der ane­rer Säit och opfält, sinn déi sim­plis­tesch Dis­coursë mat dee­nen déi Kris verein­facht gëtt.  (Lire la suite … )

Radio

Vum Rechtsstaat zum Preventiounsstaat

Am Ufank vun der Pan­de­mie huet et gehees­cht, mer miss­ten den expo­nen­tielle Wuess­tum vun der Infek­tioun ver­mei­den, fir d’S­pi­dee­ler net ze iwwerlaaschten. 

Dat war déi klas­sesch Gesond­heets­po­li­tik vum Wuel­faartss­taat : all Bier­ger sollt d’Méi­gle­ch­keet hunn, behan­delt ze ginn. Mët­tler­weil huet sech déi Zil­set­zung awer geän­nert : si gouf vun engem ane­ren Zil ersat, dat weder the­ma­ti­séiert, nach kri­tesch dis­ku­téiert gouf.  (Lire la suite … )

Radio

Risiko, Preventioun an Absurditéit

„Man erzählt, ein wun­dertä­ti­ger Rab­bi in Chelm habe ein­mal in einer Vision gese­hen, wie das Leh­rhaus in Lublin, mehr als acht­zig Kilo­me­ter ent­fernt, nie­der­ge­brannt sei. 

Diese bemer­kens­werte Erschei­nung ver­größerte sei­nen Ruhm als Wun­dertä­ter aufs nach­hal­tig­ste. Als einige Tage spä­ter ein Rei­sen­der aus Lublin in Chelm ein­traf, wurde er von den Anhän­gern des Wun­der-Rab­bis mit Trauer und Sorge begrüßt, aber auch mit einem gewis­sen Gefühl des Stolzes. ‚Wovon sprecht ihr eigent­lich?‘ fragte der Rei­sende …“  (Lire la suite … )