
Elo musse mer e puer Méint doheem bleiwen. Och wa mer d’Noutwendegkeet vun der Moossnam agesinn : liicht gëtt dat net. Nieft dem Virus dobaussen, erwaarden eis méiglecherweis och e puer psychologesch Phenomener dobannen. Déi sinn net wierklech geféierlech a meeschtens och séier eriwwer.
Dës nei Situatioun fuerdert eng psychologesch Upassung : Eng Upassung un déi eegenaarteg, nei Fräi-Zäit.
Viru bal genee 100 Joer, 1919, huet den ungaresche Psychiater a Psychanalyst Sandor Ferecnzi e kuerzen Artikel mat engem amüsanten Titel verëffentlecht : « Sonntagsneurosen ». Obwuel d’Periodizitéite vun de psychologesche Problemer fir den Expert näischt Onbekanntes waren, esou war hien dach iwwerrascht ëmmer erëm ze héieren, datt mat enger gewësser Heefegkeet, sonndes eppes Komesches geschitt.