The H‑Word

Hege­mo­nie. De Begrëff gëtt et säit dem Homer, mä hien huet säin rich­tegt Lie­wen eréi­scht am 20ten Joe­rhon­nert uge­faan­gen wéi en den ita­lie­nes­chen Poli­ti­ker an mar­xis­tes­chen Den­ker Anto­nio Gram­sci vum Lenin iwwe­rholl huet, an ëm en neien Sënn an eng nei Funk­tioun fonnt huet.

Fir de Gram­sci huet sech an den 20er Joren di nämm­lecht Fro ges­tallt wéi der Frank­fur­ter Schule zéng Joer duer­no : wéi ass et ze vers­toen dat trotz den eko­no­mes­chen an sozia­len Bedin­gun­gen déi nom Marx an Engels eigent­lech miss­ten eng Revo­lu­tioun mat sech brén­gen dës Revo­lu­tioun ein­fach ausbleift ?

Dem Gram­sci seng Änt­wert louch an sen­gem Begrëff vun der Hege­mo­nie. Hege­mo­nie ass eng Domi­na­tioun déi net op Zwang, déi net op der Muecht vun de Waf­fen berout, mä op der Zoustëm­mung an der Iwwer­zee­gung vun den Domi­néier­ten berout. An deem Sënn konnt de Gram­sci also den­ken dat d’Bour­geoi­sie net nëm­men eng eko­no­mesch Muecht iwwert d’Pro­le­ta­riat hat, mä virun allem och eng kul­tu­rell Beherr­schung aus­geüübt huet. An dat war een vu sen­gen wesent­le­chen Bäi­träg zum Mar­xis­mus. Net nëm­men di eko­no­mesch Basis ass aus­schlag­ge­bend an den poli­tes­chen Herr­schafts­ve­rhält­nes­ser, mä och nach de gesam­ten kul­tu­rel­len Iwwer­bau, an deem sech déi Iwwer­zee­gun­gen an Evi­den­zen aus­bil­den, déi maa­chen dat och di Domi­néiert hier Beherr­schung als legi­tim unerkennen. 

Dem Per­ry Ander­son säin les­cht Buch – The H‑Word. The Per­ipe­teia of Hege­mo­ny – retra­céiert di beweeg­ten Ges­chicht vum Begrëff iwwert dat zaris­tes­cht Russ­land, dat faschis­tes­cht Ita­lien, d’Fran­kräich vun der Entente, d’A­me­ri­ka vum kalen Krich, dat neo­li­be­raalt England, dat post-kolo­nial Indien an dat revo­lu­tionäert Chi­na. Inter­es­sant ass dobäi dat hien net nëm­men di ver­schid­den begrëf­flech Span­nun­gen weist, déi et scho beim Gram­sci gouf, mä dat hien déi Span­nung ëmmer erëm an dem poli­tes­chen Kon­text illus­tréie­ren kann. Keng ‹reng› Begrëff­sges­chicht also, mä eng poli­tesch Ges­chicht vun der Hege­mo­nie an hiren oft kon­tra­dik­to­res­chen Usa­gen an der poli­tes­cher an och an der wës­sen­schaft­le­cher Praxis.

(Ander­son, P. (2017). The H‑Word : the Per­ipe­teia of Hege­mo­ny. Brook­lyn, NY : Verso.) 

Op Radio 100,7 lauschteren … »