Radio

Science Wars

Obwuel mer un eng gewëssen Ondurchsiichtlechkeet gewinnt sinn, an obwuel reegelméisseg Krisen a Katastrophen eis definitiv d’Gefill geholl hunn, an enger sécherer Welt ze liewen, ass ons haiteg Situatioun dach erstaunlech.

Nach ni gouf et esouvill an esou weltwäit kontradiktoresch Informatiounen iwwert esou en klengt Déngen, mat esou massive Konsequenzen. An och d’Wëssenschaften schéngen ons keen einfachen Wee do eraus ze weisen.   (Lire la suite … )

Articles

Die Autorität der Wissenschaft

„Die Richtlinien der Kontrolle müssen von Wissenschaftlern entworfen werden.“ (Burrhus Frederic Skinner)

Was der wohl bekannteste Virologe Deutschlands so eindrucksvoll ausformuliert – die angebliche politische Neutralität der Wissenschaft – entspricht zwar auf der einen Seite der auch unter Wissenschaftler kursierende Überzeugung von ihrer Wissenschaften.

Auf der anderen Seite halten sich aber die Wissenschaftler gemeinhin nicht an ihr wissenschaftstheoretisches und ethisches Selbstverständnis. Wissenschaft ist nicht politikfrei.   (Lire la suite … )

Radio

Op der Polarstatioun

Elo si mer also déi éischt, oder déi zweet Woch doheem an erliewen eng Situatioun, déi mer wuel an dëser Form nach ni kannt hunn.

Och wann déi sozial Distanzéierung dank dem Internet an dem Telefon méi kierperlech wéi sozial bleift, feelt d’Liewe mat Kolleegen a Famill awer. Wéi maachen déi et, déi sech mat esou Situatiounen auskennen?   (Lire la suite … )

Radio

Radio als Service Public

Wéi kann een e Radio verstoen, deen als « Service Public » funktionéiert? Oder anescht gefrot: wat ass den Ënnerscheed tëscht engem privaten, kommerziellen Radio, an engem ëffentlech-rechtlechen Radio? Hei treffen, och am Kader vun enger Demokratie, verschidden Siichten openeen déi, wann een genau hikuckt, net onbedéngt esou kompatibel sinn, wéi et munchmol schéngt.   (Lire la suite … )

Épisodes radio

Autoritär (7/7): Autoritär haut

Säit 2002 gëtt en Grupp vun Chercheuren vun der Universitéit vu Leipzig, ennert der Leedung vum Oliver Decker and Elmar Brähler, a mat der Ennerstetzung vun der Heinrich-Böll-Stiftung, all 2 Joer eng grouss Etüd iwwer den Rietsextremismus eraus.

Des Studien situéieren sech zum Deel op der Linn vun de groussen Studien zum Autoritarismus vun der « Frankfurter Schule ». Si benotzen eng aktualiséiert Methodologie fir esou wuel di soziologesch wéi di psychologesch Dimensiounen vum Autoritarismus op d’Spuer ze kommen. An d’Resultater sinn, säit 2002, ëmmer erëm erstaunlech.   (Lire la suite … )