Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet
Net manner wichteg fir des Dispositiounen, esou den Adorno, ass eng gewëssen Perséinlechkeets- oder Charakterstruktur, déi sech duerch eng Rei vun charakteristeschen psychologeschen Zich auszeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psychologesch Dispositiounen, déi an der Wiesselwierkung mat engem gewëssen gesellschaftlechen Klima di beschten Chancen duerstellen, fir autoritär Orientéierungen populär ze maachen.