

D’Europawahle sinn eriwwer. Déi gefaarten Tendenz no riets ass, mindestens europawäit, net esou massiv ausgefall wéi geduecht. An Holland an an Dänemark goung et esou guer zimlech schlecht fir d’Rietspopulisten. An trotzdeem, wann ee Resultater aus Frankräich an aus Italien kuckt, ouni vun Ungarn ze schwätzen, da gesäit dat guer net esou berouegend aus.