Den Narzissmus, deen den amerikaneschen Historiker Christopher Lasch Enn de 70er an séngem Buch The Culture of Narcissism als wichteg Charakteristik vun eiser westlecher Kultur diagnostizéiert huet, ass e komplizéiert Phenomen.
En entsteet aus gesellschaftleche Kontradiktiounen eraus a manifestéiert sech net einfach als Iwwerschätzung vum Ech, mee als e Konflikt mam Ech.
Dat passt zum Deel nach bei den haitege kulturellen Narzissmus, obwuel deen och schonn nei Formen ugeholl huet.