Skip to main content

Mir Klengbierger (3/7)

Mir Klengbierger (3/7)

3. Eng kuerz Geschicht vum Klengbiergertum Éier mer eis d‘Geschicht vun de Klengbierger ukucken brauchen mer en praktiablen Begrëff vum deem wat Klengbierger iwwerhaapt sinn. Fir mam Einfachsten unzefänken: d‘Klengbiergertum bezeechent eng sozial Klass. An do geet leider de Misär scho lass. Net nëmmen well et eng ganz Rei vu verschidden Begrëffer vun sozialer Klass […]

Lost Connexions

Johann Hari. (2018) Lost Connections: Uncovering the Real Causes of Depression Sinn Antidepressiva dat falscht Mëttel fir eng falsch Krankheet? Fir de britesche Journalist Johann Hari ass d’Depressioun keen individuelle mee e kollektive Problem. A sengem Buch Lost Connections zielt hien 9 Ursaache fir Depressioun an Angschtstéierungen op. An do sollt een, senger Meenung no, och usetzen, fir där « Zivilisatiounskrankheet » meeschter ze ginn. De […]

Mir Klengbierger (2/7)

Mir Klengbierger (2/7)

2. Klengbierger an der Kritik Et ass schwéier beim Wuert Klengbierger net u Qualitéiten ze denken déi mat der Zäit quasi zu Synonymen goufen. Klengbierger sinn klengkaréiert, bornéiert, bieder, engstirneg, konservativ, verklemmt, philisterhaft a provinzielll. Klengbierger sinn, anescht gesot, Spiissbierger an Schäinhelleger. Iwwer eis Klengbierger gëtt et dofir och bal nëmmen Kritik: an der Literatur, […]

Mir Klengbierger 1/7

Mir Klengbierger 1/7

1. Wee sinn d‘Klengbierger? En Iwwerbléck Eigentlech hätte mer jo sollten vun der Äerd verschwannen, mär Klengbierger. Eigentlech hätt sech de Besetz vun de Produktiounsverhältnesser an den Hänn vun ëmmer manner Groussbierger konzentréieren sollen, an domat ëmmer méi Leit an d‘Proletariat geheien. D‘Proletariat, dat sinn dann déi, di soss näischt méi hunn wéi hir Liewenszäit, […]

Bullshit Jobs

Bullshit Jobs

Hutt Dir den Androck, fir eng Aarbecht bezuelt ze ginn, déi sënnlos ass a vun där kee Mënsch eppes huet? Eng Aarbecht, déi ee grad esou gutt kéint ofschafen? Fir den amerikaneschen Anthropholog David Graeber sinn « Bullshit Jobs » een an der « effizienter » liberaler Wirtschaft wäitverbreete Phenomen: vill Salariéë géifen all Dag esou maache wéi wann. […]

L’impact de Mai 68 sur la Psychanalyse

L’impact de Mai 68 sur la Psychanalyse

Actes du colloque de Dimensions de la psychanalyse des 30 septembre et 1er octobre 2017 François Ardeven, Jean-Charles Cordonnier, Yann Diener, Jean-Claude Fauvin, Amîn Hadj-Mouri, Karim Jbeili, Simone Lamberlin, René Lew, Jean-Jacques Moscovitz, Frédéric Nathan-Murat, Thierry Simonelli, Pierre Sme (Textes colligés et préparés par Thierry Simonelli et Ana-Claudia Delgado) Paris : Lysimaque, 2018. ISSN 2608-421X […]

68 – Revolt an Utopie

68 – Revolt an Utopie

50 Joer no 68 ginn d’Diskussiounen doriwwer wat 1968 war, a wat et bedeit huet nach ëmmer mat vill Pathos op dir enger Säit, mat Zynismus an Iwwerhieflechkeet op dier aanerer gefouert. Eng bal gelongen sozialistesch Revolutioun, eng kollektiv Nervekrise vun verwinnten Studenten, eng Kulturrevolutioun, di grouss sexuell Liberatioun, en allgemengen Befreiungskampf géint di verfilzen […]