Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (7/8): Léift a Geschäft

Ab de 40er Jore vum 20. Joerhonnert gouf d‘Verbindung vu Léift a Konsum ëmmer méi enk. Duerch d‘Efforten vun engem neien Typ vu Marketing a vun der Filmindustrie gëtt et ëmmer méi kloer dat d‘Léift och ganz materiell eppes kaschte soll. D‘Léift ass dann net méi dat sehnsüchtegt Emäermen virum Hannergrond vun enger verkläerter Natur. Si geschitt virum Hannergrond, an am Kader vun engem mat Marketing-Symboler ugeräicherten Konsumverhalen.

Léif a Geschäft récken am Laf vum 20. Joerhonnert ëmmer méi no zesummen. An dat bis zum Moment wou se sech esou gläichen dat eng politesch Ekonomie vun der Libesbezéiung entsteet. […]