1. Mënsch, Individuum, Sujet : eng kuerz Geschicht
« L’homme est une invention récente dont l’archéologie de notre pensée montre aisément la date récente. Et peut-être la fin prochaine », schreift de Michel Foucault an engem vill diskutéierten Zitat zum Schluss vun Les Mots et les Choses. Déi Aart wéi mer de Mënsch definéieren ass geschichtlech kloer emgrenzt. An esou guer an dem kuerzen Zäitraum vun der Modernitéit weist sech déi Subjektivitéit déi de Mensch ausmache soll variabel. D’Wiesen vum Mënsch ass net einfach an sengem Gehir ze sichen, an och op de ënneschten Etagen vun der Molekularbiologie léiert een doriwwer seelen wéineg. (14. September 2016) [Audio]
2. Den Individuum a säin Eegentum
D’Paternitéit vun eiser haideger Virstellung vum Mënsch ass manner beim Descartes wéi beim engleschen Philosoph John Locke ze fannen, een vun den Päpp vum modernen politeschen Liberalismus. Am Géigesaz zum Descartes fanne mer nämlech beim Locke direkt eng politesch an economesch Konzeptioun vum Mënsch : de Mënsch als Proprietäre. Wann d’Welt dem Mënsch seng Proprietéit ass, wéi et di natierlech Vernonft oder d’Bibel soen, dann ass all Mënsch fir d’éischt emol Proprietäre vun senger eegener Persoun, vu sengem Kierper a vu senger Aarbecht. Mä wéi vill däerf dann en Individuum sech vum Rescht vun der Welt uneegnen ? (21. September 2016) [Audio]
3. De fräien Mënsch um fräien Maart
Nom zweete Weltkrich leet de Milton Friedman déi ideologesch Fundamenter vum haidegem economeschen a leider och politeschen Begrëff vum Mënsch. De Mënsch ass e freien Individuum deen fräiwëlleg un engem fräien Maart deelhuelt wou en sech rational em seng Interessen an Avantagen beméit. Komescherweis gesäit et an der Realitéit, wéi mer dat haut schwéier ofstreiden kënnen, zimlech genau ëmgedréit aus. Déi grouss Fräiheet an de Weltfridden déi de freien Maart bréngen sollen, bréngen virun allem Ongläichheet, Diktatur, Krich an zu gudder lescht zu Ëmweltkatastrophen. Eppes geet an der Rechnung mam Maart net op. (28. September 2016) [Audio]
4. De Mënsch als Kapital (05/10/2016)
Am 20ten Joerhonnert hält den berufflech aktiven Mënsch op sech just duerch seng Aarbechtskraaft ze charakteriséieren. Di wiesentlech Entdeckung vun zwee Nobelpräis-Economisten aus der Nokrichszäit ass dat eng ganz Rei vu mënschlechen Qualitéiten a Geld ëmsetzbar sinn. Esou verwandele mer eis selwer ëmmer méi zu enger bestëmmter Zort vu Kapital : dem sougenannten Humankapital. An den 80ger Joren gëllt et dann fir jiddwereen dëst Kapital selwer esou gutt wéi méiglech ze managen. Domat gëtt all Individuum en Entrepreneur vun sech selwer als Kapital. (5. Oktober 2016) [Audio]
5. Management a Coaching (12/10/2016)
Fir de Wirtschaftswuesstem oprecht ze erhalen braucht et och e konstanten Wuesstem un Produktivitéit. Fir den Aarbechter, fir den Ugestellten heescht dat, wann en net einfach a Konkurrenz mat de Maschinnen an der Elektronik wäsch rationaliséiert gëtt, méi Stonnen schaffen, méi schlecht Aarbechtsbedingungen akzeptéieren, a relativ manner verdéngen. Fir dem neien Mënsch an der neier Maartwirtschaft de Goût un dëser Flexibilitéit ze ginn brauch et eng nei Aart vu Management. D’Virbild vum neien Manager ass net méi de strengen, strofenden Familljepapp, mä den Trainer aus dem Leeschtungssport. (12. Oktober 2016) [Audio]
6. Midd an dépriméiert op der Aarbecht (19/10/2016)
Déi grouss Fräiheet vum fräien Mënsch am fräien Maart kënnt mat engem zolitten Präis fir d’Eenzelpersoun. Dee Präis ass eng allgemeng Erschöpfung. Um Maart kämpft all Aarbechter mam Drock vun der Kompetitioun an der Produktivitéit. Fir nohaltegen Wuesstem, de Wee an dat gesellschaftlecht Paradäis, brauch et virun allem enger stänneger Entwicklung vun der Produktivitéit. An dat heescht : méi Schaffen, méi schlecht Bedingungen akzeptéieren, manner raschten an oft relativ manner verdéngen. D’Konterpartie vun der fräier Maartwirtschaft ass d’Erschöpfungsgesellschaft. (19. Oktober 2016) [Audio]
7. Kraaft a Freed duerch Psychotherapie
Säit enger Rei Joeren gëtt et an de westlechen Länner eng richteg Epidemie vun Erschöpfungszoustänn a Form vun Burnout, Depressioun a chroneschem Middegkeets-Syndrom. Selbstverständlech schéngt allsäits unerkannt, datt dat iergendwéi mat den Aarbechts a Liewensbedingungen am Spéitkapitalismus ze dinn huet. Mä wann et ëm Konkret Léisungen geet, da gëtt trotzdem ëmmer beim Individuum ugesat : Psychomanagement amplaz vun gesellschaftlechen Reformen. Wa Firmenmanagement a Coaching net méi duer ginn, brauch et der Psychotherapie fir de chronesch erschöpften Aarbechter um Funktionéieren ze halen. (26. Oktober 2016) [Audio]
8. Wirtschaft a Perséinlechkeet
De Marx ass als revolutionären Denker vun der Economie bekannt. Mä wat bal ni mentionéiert gëtt, ass dat hien eng Rei héich interessant Gedanken iwwert d’Psychologie hat. D’Séil existéiert net am loftleerem Raum aus deem di wëssenschaftlech Psychologie vun der Theologie iwwerholl huet, mä a gesellschaftlechen an economeschem Zesummenhang mat aneren. D’Geheimnis vum Wiesen vum Mënsch läit vläicht net an den Déiften vu senger Séil begrënnt, mä an dier Welt an dier sech seng Séil forméiert. Wäit entfernt vun den Abstraktiounen vun der Psychologie werft déi Perspektiv werft en anert Liicht op d’Perséinlechkeet. (2. November 2016) [Audio]