Moral als Gewalt
Des moralesch Kéier erschéngt vläicht wéi eng Léisung op di politesch a gesellschaftlech Problemer déi sech elo imposéieren. Mä si biergen virun allem eng Gefor fir onst Zesummeliewen.
Wéi bei allen groussen Krisen koum also och hei de Moment, wou op d’Moral zeréck gegraff gouf, fir di allgemeng Veronsécherung ze calméieren a fir eng Aart iwwergräifen Orientéierung hierzestellen. Leider ass d’Moral eng geféierlech Medezin, di gären vergëft, wat se heelen soll.