Homo Oeconomicus

1. Mënsch, Indi­vi­duum, Sujet : eng kuerz Geschicht

« L’homme est une inven­tion récente dont l’archéologie de notre pen­sée montre aisé­ment la date récente. Et peut-être la fin pro­chaine », schreift de Michel Fou­cault an engem vill dis­ku­téier­ten Zitat zum Schluss vun Les Mots et les Choses. Déi Aart wéi mer de Mënsch defi­néie­ren ass ges­chicht­lech kloer emgrenzt. An esou guer an dem kuer­zen Zäi­traum vun der Moder­ni­téit weist sech déi Sub­jek­ti­vi­téit déi de Mensch aus­mache soll varia­bel. D’Wie­sen vum Mënsch ass net ein­fach an sen­gem Gehir ze sichen, an och op de ënnes­ch­ten Eta­gen vun der Mole­ku­lar­bio­lo­gie léiert een doriw­wer see­len wéi­neg. (14. Sep­tem­ber 2016) [Audio]

2. Den Indi­vi­duum a säin Eegentum

D’Pa­ter­ni­téit vun eiser hai­de­ger Virs­tel­lung vum Mënsch ass man­ner beim Des­cartes wéi beim engles­chen Phi­lo­soph John Locke ze fan­nen, een vun den Päpp vum moder­nen poli­tes­chen Libe­ra­lis­mus. Am Géi­ge­saz zum Des­cartes fanne mer näm­lech beim Locke direkt eng poli­tesch an eco­no­mesch Kon­zep­tioun vum Mënsch : de Mënsch als Pro­prietäre. Wann d’Welt dem Mënsch seng Pro­prie­téit ass, wéi et di natier­lech Ver­nonft oder d’Bi­bel soen, dann ass all Mënsch fir d’éi­scht emol Pro­prietäre vun sen­ger eege­ner Per­soun, vu sen­gem Kier­per a vu sen­ger Aar­becht. Mä wéi vill däerf dann en Indi­vi­duum sech vum Res­cht vun der Welt unee­gnen ? (21. Sep­tem­ber 2016) [Audio]

3. De fräien Mënsch um fräien Maart

Nom zweete Welt­krich leet de Mil­ton Fried­man déi ideo­lo­gesch Fun­da­men­ter vum hai­de­gem eco­no­mes­chen a lei­der och poli­tes­chen Begrëff vum Mënsch. De Mënsch ass e freien Indi­vi­duum deen fräiwël­leg un engem fräien Maart deel­huelt wou en sech ratio­nal em seng Inter­es­sen an Avan­ta­gen beméit. Komes­cher­weis gesäit et an der Rea­li­téit, wéi mer dat haut schwéier ofstrei­den kën­nen, zim­lech genau ëmge­dréit aus. Déi grouss Fräi­heet an de Welt­frid­den déi de freien Maart brén­gen sol­len, brén­gen virun allem Ongläi­ch­heet, Dik­ta­tur, Krich an zu gud­der les­cht zu Ëmwelt­ka­tas­tro­phen. Eppes geet an der Rech­nung mam Maart net op. (28. Sep­tem­ber 2016) [Audio]

4. De Mënsch als Kapi­tal (05/10/2016)

Am 20ten Joe­rhon­nert hält den beruf­flech akti­ven Mënsch op sech just duerch seng Aar­bechts­kraaft ze cha­rak­te­ri­séie­ren. Di wie­sent­lech Ent­de­ckung vun zwee Nobel­präis-Eco­no­mis­ten aus der Nokrichszäit ass dat eng ganz Rei vu mën­schle­chen Qua­li­téi­ten a Geld ëmsetz­bar sinn. Esou ver­wan­dele mer eis sel­wer ëmmer méi zu enger bestëmm­ter Zort vu Kapi­tal : dem sou­ge­nann­ten Human­ka­pi­tal. An den 80ger Joren gëllt et dann fir jidd­we­reen dëst Kapi­tal sel­wer esou gutt wéi méi­glech ze mana­gen. Domat gëtt all Indi­vi­duum en Entre­pre­neur vun sech sel­wer als Kapi­tal. (5. Okto­ber 2016) [Audio]

5. Mana­ge­ment a Coa­ching (12/10/2016)

Fir de Wirt­schafts­wuess­tem oprecht ze erha­len braucht et och e kons­tan­ten Wuess­tem un Pro­duk­ti­vi­téit. Fir den Aar­bech­ter, fir den Uges­tell­ten hees­cht dat, wann en net ein­fach a Kon­kur­renz mat de Maschin­nen an der Elek­tro­nik wäsch ratio­na­li­séiert gëtt, méi Ston­nen schaf­fen, méi schlecht Aar­bechts­be­din­gun­gen akzep­téie­ren, a rela­tiv man­ner ver­dén­gen. Fir dem neien Mënsch an der neier Maart­wirt­schaft de Goût un dëser Flexi­bi­li­téit ze ginn brauch et eng nei Aart vu Mana­ge­ment. D’Vir­bild vum neien Mana­ger ass net méi de stren­gen, stro­fen­den Famil­l­je­papp, mä den Trai­ner aus dem Lees­ch­tungs­sport. (12. Okto­ber 2016) [Audio]

6. Midd an dépri­méiert op der Aar­becht (19/10/2016)

Déi grouss Fräi­heet vum fräien Mënsch am fräien Maart kënnt mat engem zolit­ten Präis fir d’Een­zel­per­soun. Dee Präis ass eng all­ge­meng Erschöp­fung. Um Maart kämpft all Aar­bech­ter mam Drock vun der Kom­pe­ti­tioun an der Pro­duk­ti­vi­téit. Fir nohal­te­gen Wuess­tem, de Wee an dat gesell­schaft­lecht Paradäis, brauch et virun allem enger stän­ne­ger Ent­wi­ck­lung vun der Pro­duk­ti­vi­téit. An dat hees­cht : méi Schaf­fen, méi schlecht Bedin­gun­gen akzep­téie­ren, man­ner rasch­ten an oft rela­tiv man­ner ver­dén­gen. D’Kon­ter­par­tie vun der fräier Maart­wirt­schaft ass d’Er­schöp­fung­sge­sell­schaft. (19. Okto­ber 2016) [Audio]

7. Kraaft a Freed duerch Psychotherapie

Säit enger Rei Joe­ren gëtt et an de west­le­chen Län­ner eng rich­teg Epi­de­mie vun Erschöp­fung­szoustänn a Form vun Bur­nout, Depres­sioun a chro­nes­chem Mid­deg­keets-Syn­drom. Selbst­verständ­lech schéngt allsäits uner­kannt, datt dat ier­gendwéi mat den Aar­bechts a Lie­wens­be­din­gun­gen am Spéit­ka­pi­ta­lis­mus ze dinn huet. Mä wann et ëm Kon­kret Léi­sun­gen geet, da gëtt trotz­dem ëmmer beim Indi­vi­duum uge­sat : Psy­cho­ma­na­ge­ment amplaz vun gesell­schaft­le­chen Refor­men. Wa Fir­men­ma­na­ge­ment a Coa­ching net méi duer ginn, brauch et der Psy­cho­the­ra­pie fir de chro­nesch erschöpf­ten Aar­bech­ter um Funk­tio­néie­ren ze halen. (26. Okto­ber 2016) [Audio]

8. Wirt­schaft a Perséinlechkeet

De Marx ass als revo­lu­tionä­ren Den­ker vun der Eco­no­mie bekannt. Mä wat bal ni men­tio­néiert gëtt, ass dat hien eng Rei héich inter­es­sant Gedan­ken iwwert d’Psy­cho­lo­gie hat. D’Séil exis­téiert net am loft­lee­rem Raum aus deem di wës­sen­schaft­lech Psy­cho­lo­gie vun der Theo­lo­gie iwwe­rholl huet, mä a gesell­schaft­le­chen an eco­no­mes­chem Zesum­men­hang mat ane­ren. D’Ge­heim­nis vum Wie­sen vum Mënsch läit vläicht net an den Déif­ten vu sen­ger Séil begrënnt, mä an dier Welt an dier sech seng Séil for­méiert. Wäit ent­fernt vun den Abs­trak­tiou­nen vun der Psy­cho­lo­gie werft déi Pers­pek­tiv werft en anert Liicht op d’Per­séin­le­ch­keet. (2. Novem­ber 2016) [Audio]