Radio

Moral als Gewalt

D’Ges­préi­cher iwwert ons Pan­de­mie hunn sech a les­ch­ter Zäit ëmmer méi a Rich­tung vu mora­les­chen Froen a Pro­ble­mer hin entwé­ckelt. Amplaz vun den mede­zi­nes­chen Infor­ma­tiou­nen déi am Ufank all Kom­mu­ni­ka­tioun iwwer­sch­wemmt hunn, geet elo ëmmer méi riets vun Verant­wor­tung, vun Flicht a Schold.

Des mora­lesch Kéier erschéngt vläicht wéi eng Léi­sung op di poli­tesch a gesell­schaft­lech Pro­ble­mer déi sech elo impo­séie­ren. Mä si bier­gen virun allem eng Gefor fir onst Zesummeliewen. 

Wéi bei allen grous­sen Kri­sen koum also och hei de Moment, wou op d’Mo­ral zeréck gegraff gouf, fir di all­ge­meng Veron­sé­che­rung ze cal­méie­ren a fir eng Aart iwwer­gräi­fen Orien­téie­rung hier­zes­tel­len. Lei­der ass d’Mo­ral eng geféier­lech Mede­zin, di gären vergëft, wat se hee­len soll.  (Lire la suite … )