Épisodes radio

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

10 Joer no der Stu­die iwwert Auto­ri­téit a Famill huet en inter­na­tio­na­len an inter­dis­zi­plinä­ren Grupp vu Fuer­scher sech nach emol méi direkt der Fro vum auto­ritä­ren Cha­rak­ter consacréiert. 

Des Etüd, déi zwar säit hirer Verëf­fent­le­chung ëmmer erëm kri­ti­séiert gouf, gehéiert trotz­deem haut nach zu den mees­cht zitéier­ten Tex­ter an der Sozio­lo­gie.  (Lire la suite … )

Articles

Sanfte Zensur

Die Wie­der­kehr der Zen­sur mit Schlag­stö­cken und Trä­nen­gas dürfte nie­man­dem, auch den­je­ni­gen die nichts zu sagen haben, ent­gan­gen sein. 

Neben der auto­ritä­ren Zen­sur gibt es aber auch die wohl­be­kannte sanfte Zen­sur. Das Pro­blem mit die­ser ist, dass sie dur­chaus ratio­nal, verständ­nis­voll und nur mit bes­ten Absich­ten daher kommt. In den west­li­chen Demo­kra­tien spricht sie meist mit der vernünf­ti­gen Stimme der öko­no­mi­schen Not­wen­dig­kei­ten und der gesell­schaft­li­chen Siche­rheit.  (Lire la suite … )

Erich Fromm (1900-1980)
Épisodes radio

Autoritär (4/7): Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

No baus­sen ass en auto­ritäre Cha­rak­ter liicht ze klas­si­fi­zéie­ren an ze beo­bach­ten. Mee domat ass nach net erkläert, wéi e vu banne funktionéiert.
Wéi tickt also eng auto­ritär Perséinlechkeet ?

Den Erich Fromm stäipt sech, bei sen­ger Erklä­rung, zum grous­sen Deel op dem Freud seng psy­cho­ana­ly­tesch Theo­rie. Déi deelt d’Séil no ver­schid­de­nen, cha­rak­te­ris­tesche Funk­tiou­nen an.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Autoritär (2/7): Di autoritär Massepsychologie

Am Kon­text vun de poli­tes­chen Erfol­le­ger vum Faschis­mus, huet den éis­träi­ches­chen Mede­zin­ner a Psy­cho­ana­ly­ti­ker Wil­helm Reich sech éischt Gedan­ken gemaach, iwwert eppes wat hien « auto­ritä­ren Cha­rak­ter » genannt huet. 

Wéi kënnt et, dat poli­tesch Het­zer do Suc­cès hunn, wou se dach eigent­lech miss­ten op Desin­tresse fale. 

De Reich hat eng psy­cho­lo­gesch Änt­wert op di poli­tesch Fro : an gewës­sen Famil­l­jen gi bei de Kan­ner déi Per­séin­le­ch­keetss­truk­tu­ren uge­luecht, déi se her­no empfän­glech maa­chen fir Auto­ri­téit, fir Fol­le­gen, an Matmaachen.
 (Lire la suite … )

Radio

Autoritär !

Et gouf emol eng Theo­rie déi duecht, dat wa gesell­schaft­lech Ongläi­ch­hee­ten wues­sen géi­fen, déi Ënner­dréckt sech dru set­zen géi­fen, eng nei, méi gerecht Gesell­schaft ze grënnen.

An dunn ass d’Géi­gen­deel ges­chitt, esou wuel am Osten, wéi am Wes­ten gouf eng nei Zort vu Gesell­schaft erfonnt : déi vum Totalitarismus.

Wéi war dat méi­glech ?  (Lire la suite … )