Wat ass Muecht ?

1. Defi­ni­tiou­nen vu Muecht (13 Januar 2015)

Wat “Muecht” ass schéint all­ge­meng verständ­lech. Mä bei genaue­rem Hiku­cken gesäit en e Phä­no­men vun enger bean­dro­cken­der Kom­plexi­téit. Esou gëtt et och eng Wull vu Begrëf­fer an der Phi­lo­so­phie, der Sozio­lo­gie an an der Psy­cho­lo­gie déi de Phä­no­men vun der Muecht ver­si­chen ze faas­sen. Ass Muecht eppes wat ver­schidde Indi­vi­duen hunn ? Oder läit se éisch­ter an der Rela­tioun tëscht Per­sou­nen ? Wéi vill Zor­ten Muecht gëtt et ? A léisst sech do e gemein­sa­men Nen­ner fannen ?

2. Wat ass Muecht (27 Januar 2015)

Den ein­fachs­ten an all­ge­meng­sten Begrëff vun der Muecht ass deen vum Zwang. Muecht huet deen, deen säin eege­nen Wel­len géint de Wël­len vun ane­ren duerch­set­zen kann. Esou gëtt se och a klas­ses­chen sozio­lo­gesche Defi­ni­tiou­nen bestëmmt. Ëm wéi een Zwang han­delt et sech awer dobäi ? Ofge­sinn vun der tri­via­ler phy­ses­cher Bedreeung (Gewalt) schéint den Zwang net méi grad esou simpel.

3. Gehor­sam (10 Februar 2015)

Zwang pro­vo­zéiert dräi Aar­ten vun Reak­tioun : Wid­ders­tand, Gehor­sam an hier ver­schid­den Mëschun­gen. Déi pro­ble­ma­tes­chst awer och déi poli­tesch inter­es­san­test vun dëse Mëschun­gen ass dee Gehor­sam deen do kënnt wou een eigent­lech Wid­ders­tand erwaarde misst. Wéi kënnt et, dat een « nee » spiert an denkt, awer « jo » mécht ? Mat dëser Inver­sioun funk­tio­néiert Muecht als Zwang. (369 Zeechen)

4. Cadra­gen (24 Februar 2015)

Nieft dem direk­ten Ausü­ben vun der Muecht als Zwang gëtt et och méi sub­til, indi­rekt Aar­ten vu Muecht. Eng gelee­feg Muecht­tech­nik, déi tëscht bewosst an onbe­woss­ten Zwang läit, ass den Cadrage oder Agen­da­set­zen. De Risi­ko vum Wid­ders­tand gëtt méi kléng wann déi, di fol­le­chen sol­len net alles wës­sen an net alles gesinn. An dat funk­tio­néiert selbst­verständ­lech am Bes­ch­ten wou am manns­ten opfält. (398 Zeechen)

5. Staat a Muecht (6 Mäerz 2015)

Doduerch awer datt di ver­schidde Regie­run­gen sech ëmmer méi reso­lut vu Consul­tan­ten aus der Pri­vat­wirt­schaft berode loos­sen, gewënnt dat eko­no­mes­cht Feld a mas­si­ven Zou­wuess u poli­tes­chem Kapital. 

6. Medien a Muecht (24 Mäerz 2015)

D‘Esthetiséieren vun der Poli­tik hees­cht, dat Poli­tik vun all ratio­na­ler ëffent­le­cher Dis­kus­sioun – wuel gemierkt, Dis­kus­sioun mat Argu­men­ter, an net just Debatën a Pole­mike mat Rhe­to­rik – lass­ge­léist gëtt a duerch bewosst/onbewosst Repro­duk­tioun ersat gëtt.

7. Muecht a Psy­cho­lo­gie (7 Abrëll 2015)

Nom Max Weber sen­ger Defi­ni­tioun ass Muecht „all Chance, inne­rhalb vun enger sozia­ler Bezéiung den eegene Wël­len och géint Wid­ders­trie­wen duerchzesetzen“.

Aus dëser Defi­ni­tioun eraus zitt den ita­lie­nesche Sozio­log Gian­fran­co Pog­gi, eng amu­sant Conclu­sioun a sen­gem Trai­té iwwert de Staat : „Op eng scho­ckéie­rend Manéier pro­po­séie­ren ech, wéinst der Kraaft vun dëser Defi­ni­tioun, dat de Rai­ber, deen d’Leit mat der Bedreeung vu sen­ger Waff for­céiert him hir Pro­prie­téi­ten ze ginn, als Pro­to­typ vun der poli­tes­cher Figur erschei­nen kann.“