Skip to main content

Schwätzen oder Denken

Schwätzen oder Denken

« Das Denken führt zu keinem Wissen wie die Wissenschaften.Das Denken bringt keine nutzbare Lebensweisheit.Das Denken löst keine Welträtsel.Das Denken verleiht unmittelbar keine Kräfte zum Handeln. » (Martin Heidegger, Über das Denken) Lauschteren op Radio 100,7 … >> Manuskript liesen … >>

D’Séil vun de Klengbierger

D’Séil vun de Klengbierger

Als Klengbierger gëtt een net gebuer, zum Klengbierger gëtt ee gemaach. An dobäi spillen net nëmmen ekonomesch Facteuren eng Roll. Besonnesch bei den neie Klengbierger, déi sech net méi einfach duerch ekonomesch a sozio-professionell Kategorië faasse loossen, ginn aner Bestëmmunge wesentlech. An och psychologesch sti Klengbierger an engem déiwe Konflikt tëschent Uspréch sozial ze klammen, […]

Klassewiessel an ‘Transclasses’

Klassewiessel an ‘Transclasses’

Déi sozial Leeder eropklammen ass net selbstverständlech. Déi Betraffen haten dacks eng ganz Rëtsch u gesellschaftlechen a psychologesche Barrièren ze iwwerwannen. A wa si dann « ukomm » sinn, fille si sech néierens méi richteg doheem. Virun allem bilde si d’Ausnam vun der Reegel, nämlech datt een aus der sozialer Klass vun den Elteren net erauskënnt. Déi […]

Lost Connexions

Johann Hari. (2018) Lost Connections: Uncovering the Real Causes of Depression Sinn Antidepressiva dat falscht Mëttel fir eng falsch Krankheet? Fir de britesche Journalist Johann Hari ass d’Depressioun keen individuelle mee e kollektive Problem. A sengem Buch Lost Connections zielt hien 9 Ursaache fir Depressioun an Angschtstéierungen op. An do sollt een, senger Meenung no, och usetzen, fir där « Zivilisatiounskrankheet » meeschter ze ginn. De […]

Bullshit Jobs

Bullshit Jobs

Hutt Dir den Androck, fir eng Aarbecht bezuelt ze ginn, déi sënnlos ass a vun där kee Mënsch eppes huet? Eng Aarbecht, déi ee grad esou gutt kéint ofschafen? Fir den amerikaneschen Anthropholog David Graeber sinn « Bullshit Jobs » een an der « effizienter » liberaler Wirtschaft wäitverbreete Phenomen: vill Salariéë géifen all Dag esou maache wéi wann. […]