Skip to main content

Mir Klengbierger

Mir Klengbierger

Eigentlech, esou eng bekannt Virausso aus dem 19ten Joerhonnert, sollten Klengbierger als sozial Klass lues a lues verschwannen. D’Zukunft, esou des Iddi, gëtt bestëmmt vum Kampf tëscht Proletarier an Groussbierger. Bekanntlech ass et net esou komm. Oder net esou wéi d’Auteuren vun dëser Virausso – de Marx an den Engels – dat geduecht haten. Klengbierger […]

D’Politik vun de Klengbierger

D’Politik vun de Klengbierger

D’Politik vun de Klengbierger ass net esou liicht ze faassen, wéi et de Stereotyp vum konservative Spießbürger schénge léisst. En fait sinn déi politesch Orientéierungen vun de Klengbierger geschichtlech variabel. An trotzdeem begënschtegt hir Positioun am soziale Raum haut och nach eng Rei vun Orientéierungen, déi een als Klengbiergertypologie faasse kann. Et kann een hei […]

Schwätzen oder Denken

Schwätzen oder Denken

« Das Denken führt zu keinem Wissen wie die Wissenschaften.Das Denken bringt keine nutzbare Lebensweisheit.Das Denken löst keine Welträtsel.Das Denken verleiht unmittelbar keine Kräfte zum Handeln. » (Martin Heidegger, Über das Denken) Lauschteren op Radio 100,7 … >> Manuskript liesen … >>

D’Séil vun de Klengbierger

D’Séil vun de Klengbierger

Als Klengbierger gëtt een net gebuer, zum Klengbierger gëtt ee gemaach. An dobäi spillen net nëmmen ekonomesch Facteuren eng Roll. Besonnesch bei den neie Klengbierger, déi sech net méi einfach duerch ekonomesch a sozio-professionell Kategorië faasse loossen, ginn aner Bestëmmunge wesentlech. An och psychologesch sti Klengbierger an engem déiwe Konflikt tëschent Uspréch sozial ze klammen, […]

Klassewiessel an ‘Transclasses’

Klassewiessel an ‘Transclasses’

Déi sozial Leeder eropklammen ass net selbstverständlech. Déi Betraffen haten dacks eng ganz Rëtsch u gesellschaftlechen a psychologesche Barrièren ze iwwerwannen. A wa si dann « ukomm » sinn, fille si sech néierens méi richteg doheem. Virun allem bilde si d’Ausnam vun der Reegel, nämlech datt een aus der sozialer Klass vun den Elteren net erauskënnt. Déi […]