Mir Klengbierger

Eigent­lech, esou eng bekannt Viraus­so aus dem 19ten Joe­rhon­nert, soll­ten Kleng­bier­ger als sozial Klass lues a lues ver­sch­wan­nen. D’Zu­kunft, esou des Iddi, gëtt bestëmmt vum Kampf tëscht Pro­le­ta­rier an Grouss­bier­ger. Bekannt­lech ass et net esou komm. Oder net esou wéi d’Au­teu­ren vun dëser Viraus­so – de Marx an den Engels – dat geduecht haten. Kleng­bier­ger sinn net nëm­men net aus der Ges­chicht ver­sch­won­nen, mä ver­schid­den Sozio­lo­gen men­gen esou guer dat si di Kul­tu­rell Virherr­schaft iwwe­rholl hunn. 

Kleng­bier­ger­tum kann also méi bezeech­nen wéi eng sozial Klass. Et cha­rak­te­ri­séiert sech och duerch eng Welt- a Lie­wen­sop­faas­sung, an fir ves­chid­den Auteu­ren esou guer duerch eng ganz bestëmm­ten Zort vu Psychologie. 

Kleng­bier­ger sinn eng Zort vu gesell­schaft­le­chen Tëschen­wie­sen, weder Aar­bech­ter nach Grouss­bier­ger, mä e bës­sen vu béi­dem. Esou lie­wen Kleng­bier­ger mat engem déi­wen Onbe­ha­gen : e Kleng­bier­ger wëllt net Kleng­bier­ger, an dreemt dovun emol Grouss­bier­ger ze ginn, oder en stellt sech vir et schonn ze sinn. Doraus vers­toen sech dann och, ënner ane­rem, di varia­bel poli­tesch Affi­ni­téi­ten vun de Klengbierger.

1. Wie sinn d’Klengbierger ? En Iwwerbléck (4. Dezember 2018) [Audio] [Manuskript]

Den Numm ass kee Kom­pli­ment : Kleng­bier­ger, am Géi­ge­saz zu den sou­ge­nann­ten Mët­telk­las­sen oder Mët­tel­schich­ten, ass en Dimi­nu­tiv. Kleng Bier­ger si man­nerwäer­teg Bier­ger déi gären esou wären oder gären esou maa­chen wéi di Grouss. An dat hees­cht och ; Kleng­bier­ger sinn dat wat eigent­lech kee si wëllt. Virun allem net d’K­leng­bier­ger sel­wer. Am 19ten Joe­rhon­nert gouf viraus­ge­sot d’K­leng­bier­ger géi­fen als sozial Klass ver­sch­wan­nen. Mä an den 1970er Joren huet den Hans Magnus Enzens­ber­ger fest­ges­tallt, dat d’K­leng­bier­ger­tum, ganz am Contraire, an de west­le­chen Gesell­schaf­ten di kul­tu­rell Virherr­schaft iwwe­rholl huet.

2. Klengbierger an der Kritik (11. Dezember 2018) [Audio] [Manuskript]

De Begrëff vum Kleng­bier­ger sel­wer kléngt net nëm­men wéi eng Kri­tik ; et ass et schonn. Et geet duer sech d’Sy­no­nym­mer unze­ku­cken wéi Spiissbür­ger oder Bie­der­mann, oder Phi­lis­ter fir sech drun ze erën­ne­ren dat et net agrea­bel ass en Kleng­bier­ger ze sinn. Dofir ass och dat éischt Gebot vum Kleng­bier­ger alles ze maa­chen, dat een him de Kleng­bier­ger net umierkt. An dat bedeit oft eng haart Aar­becht um äus­se­ren Erschei­nen. Mä zum Gléck ginn et do e puer flott Léi­sun­gen. Beson­nesch d’Geld wierkt do bal Wonner.

3. Eng kuerz Geschicht vum Klengbiergertum (18. Dezember 2018) [Audio] [Manuskript]

Wann een sech d’Ges­chicht vum Kleng­bier­ger­tum ukuckt, beson­nesch déi vum tra­di­tio­nelle Kleng­bier­ger­tum am 19ten Joe­rhon­nert, dat fält engem séier op, dat d’Kri­ti­ken vun de Kleng­bier­ger sech mees­ch­tens nëm­men op ë puer wéi­neg Aspek­ter kon­zen­tréie­ren. Hier gesell­schaft­lech Tëschen­po­si­tioun huet och e puer méi iwwer­ra­schend Aspek­ter, déi gären ver­giess ginn. Kleng­bier­ger waren net nëm­men Spiis­ser, mä haten och e puer inter­es­sant sozial, eko­no­mesch an esou guer poli­tesch Qua­li­téi­ten. D’K­leng­bier­ger­tum war net vun Ufank un reak­tionär oder esou guer ëmmer poli­tesch riets. 

4. Di nei Klengbierger (8. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]

Am 20ten Joe­rhon­nert ginn déi tra­di­tio­nell Kleng­bier­ger zwar ëmmer méi see­len. Mä donieft hu sech nei Aar­ten vu Kleng­bier­ger aus­ge­bilt déi elo virun allem an den Déng­scht­lees­ch­tungs- a Ver­wal­tungs­be­ruf­fer­be­ruf­fer. Aus deem Grond si Kleng­bier­ger dann net méi aus der Pers­pek­tiv vun der mar­xis­tes­cher Klas­se­na­na­lys ze faas­sen. Wat awer cha­rak­te­ris­tesch bleift, dat ass hiren Habi­tus : hiren Lie­wenss­til, hir Wäer­ter an Nor­men a ganz beson­nesch hire Rap­port zur Kul­tur. Kul­tur ass fir Kleng­bier­ger e Wäert oder e Besëtz deen dozou déngt sech gesell­schaft­lech ze distinguéieren. 

5. D’Séil vun de Klengbierger (15. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]

Als Kleng­bier­ger gëtt een net gebuer, zum Kleng­bier­ger gëtt en gemaach. An dobäi spillen net nëm­men eko­no­mesch Fac­teu­ren eng Roll. Beson­nesch bei den neien Kleng­bier­ger, déi sech net méi ein­fach duerch eko­no­mesch a sozio-pro­fes­sio­nell Kate­go­rien faasse loos­sen, ginn aner Bestëm­mun­gen wie­sent­lech. An och psy­cho­lo­gesch stinn Kleng­bier­ger an engem déi­wen Kon­flikt tëscht Uspréch sozial ze klam­men, an den Äng­schte et awer net ze packen, tëschent musse maache wéi wann, a wës­sen dat et nach net esou ass, tëscht dem Lie­wen­si­deal. deen di héi­jer sozial Schich­ten duers­tel­len, an eiser Situa­tioun déi deem dach ni entsprécht.

6. D’Sozialpsychologie vum Klengbierger (22. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]

Als Kan­ner an enger Kleng­bier­ger­fa­mill gi mer grouss mam séchere Gefill, dat mer eppes Bes­seres gi sol­len wéi ons Elte­ren. Si wei­sen eis a wéi eng Rich­tung et geet, an och wa mer eis dogéint strie­wen an alles maa­chen fir net esou ze ginn wéi si, bleiwe mer der Rich­tung dach ëmmer trei. Well och fir eis hees­cht net esou ze ginn wéi si eppes Bes­seres ze ginn. An esou repro­du­zéie­ren mer eis als gesell­schaft­lech Schicht vun Kleng­bier­ger, ëmmer anes­cht, an anz­wousch dach ëmmer gläich. Mär strie­wen no eppes ane­rem an dach wäerte mer bleiwe wat mer sinn. Vläicht och well et am Fong dat ass, wat mer wierk­lech wëllen …

7. D’Politik vun de Klengbierger (29. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]

D’Po­li­tik vun de Kleng­bier­ger ass net esou liicht ze faas­sen wéi et den Ste­reo­typ vum kon­ser­va­ti­ven Spießbür­ger schéi­nen léisst. En fait sinn di poli­tesch Orien­téie­run­gen vun de Kleng­bier­ger ges­chicht­lech varia­bel. An trotz­deem begën­sch­tegt hir Posi­tioun am sozia­len Raum haut och nach eng Rei vun Orien­téie­run­gen déi een als Kleng­bier­ger­ty­po­lo­gie faasse kann. Et kann een esou 3 grouss Grup­pen vun poli­tes­chen Orien­téie­run­gen aus­maa­chen, vun dee­nen een Grupp eng vil­l­vers­prie­chend Zukunft viru sech zu hu schéngt.