Radio

Ausnamen

Den 11. Mee 1968 hu sech 40.000 Mën­schen zu Ber­lin ver­sam­melt fir géint déi dee­mools geplang­ten Nouts­tand­sge­set­zer ze mani­fes­téie­ren. Ee vun de bekanntste Kri­ti­ker vun dëse Geset­zer, den Hein­rich Böll, sot dozou an sen­gem Vir­trag : « Opgrond vu men­gen Erfa­runge mat  (Lire la suite … )

Radio

Science Wars

Obwuel mer un eng gewës­sen Ondurch­siicht­le­ch­keet gewinnt sinn, an obwuel ree­gel­méis­seg Kri­sen a Katas­tro­phen eis defi­ni­tiv d’Ge­fill geholl hunn, an enger séche­rer Welt ze lie­wen, ass ons hai­teg Situa­tioun dach erstaunlech. 

Nach ni gouf et esou­vill an esou weltwäit kon­tra­dik­to­resch Infor­ma­tiou­nen iwwert esou en klengt Dén­gen, mat esou mas­sive Kon­se­quen­zen. An och d’Wës­sen­schaf­ten schén­gen ons keen ein­fa­chen Wee do eraus ze wei­sen.  (Lire la suite … )

Radio

Op der Polarstatioun

Elo si mer also déi éischt, oder déi zweet Woch doheem an erlie­wen eng Situa­tioun, déi mer wuel an dëser Form nach ni kannt hunn. 

Och wann déi sozial Dis­tan­zéie­rung dank dem Inter­net an dem Tele­fon méi kier­per­lech wéi sozial bleift, feelt d’Liewe mat Kol­lee­gen a Famill awer. Wéi maa­chen déi et, déi sech mat esou Situa­tiou­nen aus­ken­nen ?  (Lire la suite … )

Radio

Bleift doheem a monter …

Elo musse mer e puer Méint doheem blei­wen. Och wa mer d’Nout­wen­deg­keet vun der Mooss­nam age­sinn : liicht gëtt dat net. Nieft dem Virus dobaus­sen, erwaar­den eis méi­gle­cher­weis och e puer psy­cho­lo­gesch Phe­no­me­ner doban­nen. Déi sinn net wierk­lech geféier­lech a mees­ch­tens och séier eriw­wer.  (Lire la suite … )

Radio

Radio als Service Public

Wéi kann een e Radio vers­toen, deen als « Ser­vice Public » funk­tio­néiert ? Oder anes­cht gefrot : wat ass den Ënner­scheed tëscht engem pri­va­ten, kom­mer­ziel­len Radio, an engem ëffent­lech-recht­le­chen Radio ? Hei tref­fen, och am Kader vun enger Demo­kra­tie, ver­schid­den Siich­ten ope­neen déi, wann een genau hikuckt, net onbe­déngt esou kom­pa­ti­bel sinn, wéi et munch­mol schéngt.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Autoritär (7/7): Autoritär haut

Säit 2002 gëtt en Grupp vun Cher­cheu­ren vun der Uni­ver­si­téit vu Leip­zig, ennert der Lee­dung vum Oli­ver Decker and Elmar Bräh­ler, a mat der Enners­tet­zung vun der Hein­rich-Böll-Stif­tung, all 2 Joer eng grouss Etüd iwwer den Riet­sex­tre­mis­mus eraus.

Des Stu­dien situéie­ren sech zum Deel op der Linn vun de grous­sen Stu­dien zum Auto­ri­ta­ris­mus vun der « Frank­fur­ter Schule ». Si benot­zen eng aktua­li­séiert Metho­do­lo­gie fir esou wuel di sozio­lo­gesch wéi di psy­cho­lo­gesch Dimen­siou­nen vum Auto­ri­ta­ris­mus op d’S­puer ze kom­men. An d’Re­sul­ta­ter sinn, säit 2002, ëmmer erëm ers­taun­lech.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Eng vun den inter­es­san­ten Schluss­fol­ge­runge, déi den Th. W. Ador­no aus den Stu­dien über auto­ritäre Persön­li­ch­keit (1950) gezunn hat – eng inter­dis­zi­plinär Stu­die déi vun 1943 – 1947 an Ame­ri­ka gefouert gouf – war dat den Anti­se­mi­tis­mus, an d’Tendenz zum Radi­ka­lis­mus net esou aus­schliiss­lech vun den ideo­lo­ges­chen a poli­tes­chen Iwwer­zee­gun­gen ofhän­ken, wéi een et sech dat vir­ges­tallt hat.
Net man­ner wich­teg fir des Dis­po­si­tiou­nen, esou den Ador­no, ass eng gewës­sen Per­séin­le­ch­keets- oder Cha­rak­ters­truk­tur, déi sech duerch eng Rei vun cha­rak­te­ris­tes­chen psy­cho­lo­ges­chen Zich aus­zeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psy­cho­lo­gesch Dis­po­si­tiou­nen, déi an der Wies­sel­wier­kung mat engem gewës­sen gesell­schaft­le­chen Kli­ma di bes­ch­ten Chan­cen duers­tel­len, fir auto­ritär Orien­téie­run­gen populär ze maa­chen.  (Lire la suite … )