50 Joer no 68 ginn d’Diskussiounen doriwwer wat 1968 war, a wat et bedeit huet nach ëmmer mat vill Pathos op dir enger Säit, mat Zynismus an Iwwerhieflechkeet op dier aanerer gefouert. Eng bal gelongen sozialistesch Revolutioun, eng kollektiv Nervekrise vun verwinnten Studenten, eng Kulturrevolutioun, di grouss sexuell Liberatioun, en allgemengen Befreiungskampf géint di verfilzen sozial a politesch Strukturen oder eng lénksextreme Hetzcampagne mat totalitären Uspréch? Esou verschidden Interpretatiounen fënnt een esou wuel lenks wéi riets vum politeschen Spektrum. Net manner verschidden a kontrovers sinn d’Diskussiounen nach ëmmer doriwwer wat 68 bruecht huet: en neit Liewensgefill, eng Demokratiséierung vun der Gesellschaft, d’Emanzipatioun vun de Fraen? Oder war et dach just, wéi e puer äerz-konservativ Philosophen dat an den 80ger Joren affirméiert hunn, en kleng-biergerlechen Opstand géint den Humanismus, géint Bildung a fir en intellektuellen a moraleschen Relativismus? D’Serie versicht verschidden vun dësen Aspekter am Kontext ze beliichten: d’Kritik an d’Revolte op dier enger Säit, d’Utopien an d’Iddien fir eng besser Gesellschaft op dir aanerer. 

1. Wat war 1968? (04. Abrëll 2018) [Audio ]

Säit den 1980ger Joren schéngt et fir ëmmer méi Leit kloer ze sinn, dat et keng Alternativ gëtt: keng Alternativ zum ekonomeschen Wuesstem an zur Ausbreedung vum ekonomeschen Denken op all d’Beräicher vun onsem Liewen. Wa mer 50 Joer zeréck kucken, op 1968, entdecken mer eng Welt voll Alternativen, voll Méiglechkeeten. Eng Welt an dier den ekonomeschen Integrismus genau esou kritiséiert gouf wéi seng politesch a sozial Institutiounen. An et blouf och net bei den Kritiken. D’Utopien sollten och erëm konkret ginn. 68 steet vun eng Zäitperiod vun enger beandrockender Diversitéit an erstaunlechen Konvergenzen.

2. Spaassrevolutioun a lenken Faschismus (11. Abrëll 2018) [Audio ]

1968 war d’Joer vun den groussen Theorien, den originellen Manifestatiounen an den internationalen Revolten. Et war d’Joer wou am Summer zu Paräis a villen aneren Stied Biergerkrichsähnlech Zoustänn beherrscht hunn. Di grouss Weigerung an d’Revolutioun louchen iwwerall an der Loft. An di Revolutioun sollt och Spaass maachen, wéi et di sëllechen Spréch weisen, di en haut nach laachen dinn. Niewent dem Spaass gouf et awer och séier doudeescht. Studenten goufen vun der Police zesumme geschloen, ugeschoss, an erschoss. Verschiddener wollten dorop mat Gewalt äntweren an eng Staatguerilla organiséieren.

3. Rebellioun a Gewalt (18. Abrëll 2018) [Audio ]

1968 louch eng grouss Revolutioun an der Loft. Mä wéi sollt déi Revolutioun gemaach ginn? Mat Wieder oder mat Waffen? Mat witzegen Spréch oder mat gezielter Provokatioun? Mat differenzéierten Argumentatiounen, oder mat Bommen an den Supermarchéen? Hei scheeden sech d’Geeschter. Verschidden Intellektueller a verschidden Studentenféierer hunn do ganz verschidden Usiichten. Op dir enger Säit schéngt Gewalt net nëmmen inevitabel, mä esou guer gerechtfäerdegt. Op dir aanerer Säit erschéngt Gewalt illegitim, willkürlech an esou guer als Verdrängungsmechanismus fir d’Onverständnes vun der Situatioun.

4. Frankräich 68: bal eng Revolutioun (25. Abrëll 2018) [Audio ]

Frankräich war dat Land, gëtt oft gezielt, dat 1968 enger Revolutioun am nächsten koum. An tatsächlech gouf et keen anert Land, wou esou vill Leit op de Stroossen waren fir ze manifestéieren wéi am Frankräich. Honnertdausenden Studenten hunn manifestéiert, a Milliounen Aarbechter hunn en Generalstreik vum 13. Mee bis Mëtt Juni 68 duerchgehalen. Mä esou séier wéi et am Frankräich lass goung, esou séier an erstaunlech goung et och zu Enn. Mëtt Juni verbitt den de Gaulle d’Manifestatiounen an ordonnéiert Neiwahlen. Resultat: di zwou konservativ Rietsparteien deelen sech 77% vun de Votten.

5. Global Revolutioun oder spontan Revolten? (02. Mee 2018) [Audio ]

Waren d’Evenementer vun 68 eng richteg Revolutioun? Oder dach nëmmen eng Serie vun Revolten? A wéi sinn di zwee vun eneen ze ënnerscheeden? Vun dier Fro ausgoend gesi mer, stellvertriedend fir eng Rei vun ähnlechen Perspektiven, eng vun den éischten Interpretatiounen vum Mee 68; déi vum Ernest Mandel, engem marxisteschen Ekonomist a leedenden Denker vun der 4ter Internationale. Am Réckbléck vun der Geschichtsfuerschung erschéngt haut awer och wéi verschidden, a wéi komplex d’Situatioun deemools war, verglach mat den klasseschen marxisteschen Ausleeungen.

6. Konkret Utopien (09. Mee 2018) [Audio ]

68 ass oft méi bekannt duerch seng Revolten a Kritiken wéi duerch d’Versich d’Gesellschaft och konkret ze veränneren. An un esou Versich huet et net gefeelt. 68 war also och d’Zäit vun den konkreten Utopien, vun Utopien déi realiséiert sollte ginn an déi, esou d’Unnhamen, un der Zäit waren fir realiséiert kënnen ze ginn. Et kann een zwou grouss Zorten, zwou grouss Kategorien vun Utopien ënnerscheeden: déi eng, di sech ni realiséierten wäerten well se onméiglech sinn, an déi aner, déi sech nach net realiséiert hunn, well alles gemaach gëtt dat se net zustane kommen.

7. Kommunen: déi aner Art Gesellschaft ze maachen (16. Mee 2018) [Audio ]

Déi zwou wuel bekanntsten Kommunen waren d’Kommune 1 an d’Kommune 2 zu Berlin hunn respektiv vun 1967 bis 69 a bis 68 gedauert. D’Ziel vun dësen héich mediatiséierten politeschen Wunngemeinschaften wat et d’Theorie vun der Revolutioun an d’Praxis iwwer ze féieren.  An dat net vun Uewen erof, duerch eng Verännerung vum Staat a vun der Ekonomie, mä vun ënner erop, duerch d’Revolutionéieren vun der Famill a vun den eenzelen Individuen. Mat de Kommunen sollt d’Praxis vun der Utopie stënterlech méiglech ginn.

8. D’Enn vun der Aarbecht (23. Mee 2018) [Audio ]

Eng vun de groussen Utopien vun 68 war d’Enn vun der Aarbecht. Wéi vill aner 68er Utopien gouf och des an den 90er Joren op eng zynesch Aart a Weis vum der Wuesstemsideologie recuperéiert. 68 sollt et sech nach em en Ausgang aus dem Kapitalismus, ëm d’Organiséieren vun enger besserer Welt handelen, an dier et keen Ënnerscheed méi gëtt tëscht Aarbecht a Spill, tëscht Realitéitsprinzip a  Lustprinzip. D’Enn vun der Aarbecht war d’Stéchwuert fir eng Gesellschaft an dir all Individuum sech fräi entwéckelen sollt.

9. Wat bleift vun 68? (30. Mee 2018) [Audio ]

An den leschten Joren vun der historescher Recherche ass eréischt kloer ginn wéi global de Phänomen 68 war, och op der aanerer Säit vun der Mauer, och an den Entwécklungslänner. Global, awer och, wéi een Historiker dat ausdréckt, intensiv lokal.  Mä wéi ass et no 68 weider gaangen. Mä wat war dann elo am Réckbléck vun 50 Joer 68? Op déi zwou Froen e puer kuerz Äntwerten am Hibléck op Däitschland an op Frankräich.