Skip to main content

Die Autorität der Wissenschaft

Die Autorität der Wissenschaft

Was der wohl bekannteste Virologe Deutschlands so eindrucksvoll ausformuliert – die angebliche politische Neutralität der Wissenschaft – entspricht zwar auf der einen Seite der auch unter Wissenschaftler gemeinhin kursierende Überzeugung von ihrer Wissenschaften.

Auf der anderen Seite halten sich aber die Wissenschaftler gemeinhin nicht an ihr wissenschaftstheoretisches und ethisches Selbstverständnis. Wissenschaft ist nicht Politik-frei.

Bleift doheem a monter …

Bleift doheem a monter …

Elo musse mer e puer Méint doheem bleiwen. Och wa mer d’Noutwendegkeet vun der Moossnam agesinn: liicht gëtt dat net. Nieft dem Virus dobaussen, erwaarden eis méiglecherweis och e puer psychologesch Phenomener dobannen. Déi sinn net wierklech geféierlech a meeschtens och séier eriwwer. Dës nei Situatioun fuerdert eng psychologesch Upassung: Eng Upassung un déi eegenaarteg, […]

Radio als Service Public

Radio als Service Public

Wéi kann een e Radio verstoen, deen als « Service Public » funktionéiert? Oder anescht gefrot: wat ass den Ënnerscheed tëscht engem privaten, kommerziellen Radio, an engem ëffentlech-rechtlechen Radio? Hei treffen, och am Kader vun enger Demokratie, verschidden Siichten openeen déi, wann een genau hikuckt, net onbedéngt esou kompatibel sinn, wéi et munchmol schéngt.

Autoritär (7/7): Autoritär haut

Autoritär (7/7): Autoritär haut

Säit 2002 gëtt en Grupp vun Chercheuren vun der Universitéit vu Leipzig, ennert der Leedung vum Oliver Decker and Elmar Brähler, a mat der Ennerstetzung vun der Heinrich-Böll-Stiftung, all 2 Joer eng grouss Etüd iwwer den Rietsextremismus eraus.

Des Studien situéieren sech zum Deel op der Linn vun de groussen Studien zum Autoritarismus vun der « Frankfurter Schule ». Si benotzen eng aktualiséiert Methodologie fir esou wuel di soziologesch wéi di psychologesch Dimensiounen vum Autoritarismus op d’Spuer ze kommen. An d’Resultater sinn, säit 2002, ëmmer erëm erstaunlech.

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Eng vun den interessanten Schlussfolgerunge, déi den Th. W. Adorno aus den Studien über autoritäre Persönlichkeit (1950) gezunn hat – eng interdisziplinär Studie déi vun 1943-1947 an Amerika gefouert gouf – war dat den Antisemitismus, an d’Tendenz zum Radikalismus net esou ausschliisslech vun den ideologeschen a politeschen Iwwerzeegungen ofhänken, wéi een et sech dat virgestallt hat.
Net manner wichteg fir des Dispositiounen, esou den Adorno, ass eng gewëssen Perséinlechkeets- oder Charakterstruktur, déi sech duerch eng Rei vun charakteristeschen psychologeschen Zich auszeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psychologesch Dispositiounen, déi an der Wiesselwierkung mat engem gewëssen gesellschaftlechen Klima di beschten Chancen duerstellen, fir autoritär Orientéierungen populär ze maachen.

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

10 Joer no der Studie iwwert Autoritéit a Famill huet en internationalen an interdisziplinären Grupp vu Fuerscher sech nach emol méi direkt der Fro vum autoritären Charakter consacréiert.

Des Etüd, déi zwar säit hirer Verëffentlechung ëmmer erëm kritiséiert gouf, gehéiert trotzdeem haut nach zu den meescht zitéierten Texter an der Soziologie.